SAMU am AsazAuto huet sech op der A13 iwwerschloen - dräi Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt een Accident tëscht zwee Autoen a sengem Bulletin, dat géint 14.15 Auer op der A13 op der Héicht vun Éilereng.
© RTL-Archiv

Zwee Autoe si matenee kollidéiert an een huet sech dobäi iwwerschloen. Dräi Leit goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren nieft engem SAMU och eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an eng vun Esch.

An der Fiels koum et dann nach géit 15.30 Auer zu engem Accident mat engem Blesséierten. Hei war een Auto géint ee Luuchtepotto gefuer. Eng Ambulanz aus der Fiels war sur place.

Back to Top
CIM LOGO