"Et ka jidderengem passéieren"Signal vu Schlëssel mat "Brouilleur" geklaut an an Auto agebrach

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch hat e User sech bei der Redaktioun gemellt, well hien a säin Auto agebrach krut. Senger Ausso no allerdéngs op eng méi ongewéinlech Aart a Weis.
© Envato Duallogic

“Et ka jidderengem passéieren. An ech wëll d’Leit virun dëser Masch warnen”, esou de Mann, deen eis erkläert huet, Onéierlecher hätte mat engem sougenannte “Brouilleur” d’Signal vu sengem Autosschlëssel geklaut an esou den Auto vun der Mark Mercedes opgemaach, ouni Spueren ze hannerloossen. Geschitt ass dat ganzt an der Monnerecher Strooss zu Esch.

D’Police huet eis den Abroch op Nofro hi confirméiert, zu der geneeër Aart a Weis, wéi an d’Gefier agebrach gouf, konnt een allerdéngs nach näischt soen. Dat misst am Kader vu weideren Ermëttlunge gekläert ginn. Weider heescht et, datt zanter uganks des Jores zu Esch an am Ganze 17 Autoen agebrach gouf. Ob dës Abréch an Zesummenhang mat deem an der Monnerecher Strooss stinn an deemno och déi selwecht Virgoensweis applizéiert gouf, konnt d’Police awer och net soen.

Allgemeng réit d’Police, den Autosschlëssel “net am Agangsberäich vun der Wunneng oder vum Haus leien ze loossen an en am beschten an e spezielle Behälter ze leeën, deen de Schlëssel ofschiermt”. Esou Methode funktionéiere nämlech nëmmen op kuerzer Distanz. Och soll een no Méiglechkeet den Auto an enger Garage parken a falls dat net geet, D’Gefier net direkt virum Haus oder virun der Wunneng ofstellen.

“Doriwwer eraus ass et och sënnvoll, fir op Géigestänn (z.B. Këschten, Tuten, Kierf asw.) opzepassen, déi an der Géigend vun der Autosdier stinn an an deenen d’Täter hire Sender kënne verstoppen”, esou nach en Tuyau vun der Police.

Weider Tipps vun der Police, wéi ee sech virun Abréch an Autoe schütze kann, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO