Avenue Grand-Duchesse Charlotte nees opFeier an engem Haus zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police géint 14.45 Auer am Trafic-Info gemellt huet, koum et zu Diddeleng an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu engem Brand an engem Haus.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi et vum CGDIS heescht, huet Verpackungsmaterial gebrannt.

D’Strooss op der Héicht vum Haus Nr. 82 war wéinst dem Asaz vun de Pompjeeë gespaart.

De CGDIS huet e Freideg de Moie kuerz no 11 Auer nach en Accident tëscht zwee Autoen an der Route d’Arlon um Belair gemellt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der A13 a Richtung Schengen koum et um 14.36 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO