Déi Lénk fuerdere vu Staat a Gemenge Mesurë géint Wunnengsnout
An deem Kontext haten Déi Lénk e Samschdeg op e Protestpiquet an d'Escher Nordstrooss invitéiert.
Eidel Wunnenge vu Staat a Gemenge musse systematesch erfaasst an dann an d'Rei gesat ginn. Dat fuerderen Déi Lénk. Esou kéint ee séier bezuelbare Wunnraum schafen. Existent Wunnengen net ze mobiliséieren, wier Bëtz gemaach, mat Finanzen a Ressourcen a sozial, ekologesch an ekonomesch net ze acceptéieren.
"Do si 6 Haiser, déi zanter Joren, deels Joerzéngten eidel stinn. Déi dem Staat gehéieren. Leerstand, deen de Staat selwer provozéiert. Gëscht [U.v.d.R: Freideg] ass am Escher Gemengerot eng Motioun un de Schäfferot unanime ugeholl ginn, fir beim Staat ze intervenéieren, fir datt endlech eppes geschitt", sou de Marc Baum vum Déi Lénk.