
An der Kategorie “Informatik an Informatiounstechnik” huet sech de Maxime Buck (18 Joer, Lycée Michel Rodange) den éischte Präis geséchert. De Moritz Rohner (17 Joer, Lycée de Garçons Esch) gouf an der Kategorie “Physik an Astronomie” mam zweete Präis ausgezeechent.
430 jonk Fuerscher aus 30 Länner ware vum 20. bis de 25. Januar bei der “Taiwan International Science Fair” am Asaz. Et handelt sech heibäi ëm eng vun de weltwäit renomméiertste Wëssenschafts- an Technologiecompetitiounen. D’Nowuesswëssenschaftler hunn 250 innovativ Fuerschungs- an Entwécklungsprojeten an 12 Kategorië presentéiert.
Schonn am Mäerz 2024 waren déi zwee Schüler aus dem Grand-Duché bei der Competitioun “Jonk Fuerscher” vum Jury erausgesicht ginn. Fir säin Informatikprojet mam Titel “M.I.R.A.S” huet de Maxime Buck e Prototyp fir en innovative System aus klengen, identesche Roboteren, déi sech selwer zesummesetze kënnen, entwéckelt.
De Schüler ass den Ament och bei der Science Challenge Show “Take Off” mat dobäi. De 5. Episod kënnt Dir e Sonndeg den Owend um 19 Auer op der Tëlee an um RTL Play kucken.
De Moritz Rohner interesséiert sech virun allem fir theoretesch Physik an huet sech mat engem quantemechanesche Problem auserneegesat. Hien huet sech d’Fro gestallt, ob een dat elektrostatescht Coulomb-Gesetz duerch e vereinfachte Modell mat zwee Zoustänn modelléiere kann.