Et kéint deemnächst e Medikament um Lëtzebuerger Marché autoriséiert ginn, dat géint Alzheimer soll hëllefen.

An den USA gouf d'Medikament Leqembi schonn zougelooss. Et gouf vun der US-Entreprise Biogen zesumme mam japanesche Pharmaproduzent Eisai entwéckelt. D'Medikament ass fir eng ganz spezifesch Grupp vu Patiente geduecht, mat liichte kognitive Stéierungen (MCI) oder am fréieren Alzheimer-Stadium, bei deene Beta-Amyloid-Oflagerungen am Gehier nogewise goufen. Et wierkt net bei Patienten, déi an engem erweiderte Stadium sinn, oder bei aneren Demenzformen ouni Amyloid-Oflagerungen.

Vir- an Nodeeler

Nei bei dësem Medikament ass, dass de Krankheetsmechanissem beaflosst gëtt an net just d'Symptomer. Bei enger Behandlung iwwert eng Period vun annerhallwem Joer konnten d'Symptomer ëm ongeféier 6 Méint erausgezu ginn.

Leqembi bréngt allerdéngs och eng ganz Partie Niewewierkunge mat sech. Dorënner ënnert anerem de Risk vu Gehierbluddunge mat deels schwéieren neurologesche Symptomer. D'Medikament kritt een all zwou Wochen intravenéis gesprëtzt an de Patient muss wéinst de méiglechen Niewewierkunge ganz streng iwwerwaacht ginn.

D'Käschte pro Patient belafe sech op bal 25.000 Euro d'Joer. Dat geet aus engem Schreiwes ervir, dat den Info-Zenter Demenz um Donneschdeg erausginn huet. 

Medikament och geschwënn zu Lëtzebuerg? 

An enger éischter Phas hat déi Europäesch Medikamentenagence EMA d'Medikament refuséiert. Am November 2024 koum d'Recommandatioun et zouzeloossen, dat allerdéngs mat kloren Aschränkungen. Déi definitiv Zouloossung muss nach vun der Europäescher Kommissioun validéiert ginn.

D'Gesondheetsministesch Deprez huet Ufank Februar erkläert, dass d'Recommandatioune fir Leqembi nach net vollstänneg bekannt sinn. Déi national Gesondheetsautoritéite stinn am enke Kontakt mat der EMA, fir um neiste Stand ze bleiwen.

Wat d'Aféierung um Lëtzebuerger Marché ugeet, muss fir d'éischt ofgekläert ginn, wéi d'Sécurité Sociale an d'CNS d'Medikament positionéiere fir de Remboursement. Wann dat bis gemaach ass, kann de Produzent d'Medikament um Lëtzebuerger Marché ubidden.