Der Etüd vum Produzent Eli Lilly no géif d'Krankheet grad am fréie Stadium sech däitlech méi lues weiderentwéckelen.

Nach an dësem Quartal soll fir d'Medikament "Donanemab" bei der US-Autoritéit fir Medikamenter FDA eng Zouloossung ugefrot ginn. Nieft der Pharmaentreprise selwer schwätzen och divers Experte vun engem "wierkleche Fortschrëtt", warnen awer am selwechten Ament virun den Niewewierkungen.

An der Phas-III-Etüd, déi iwwer 18 Méint goung an an där 1.700 Leit d'Medikament kruten, hätt ee festgestallt, datt déi kognitiv Prozesser zu 35 Prozent manner beanträchtegt goufen wéi bei der Kontrollgrupp, als Persounen, déi just e Placebo kruten.

Schonn am Januar gouf an den USA d'Medikament Leqembi zougelooss, dat an eng änlech Richtung geet. Dëst gouf vun der US-Entreprise Biogen zesumme mam japanesche Pharmahiersteller Eisai entwéckelt. Béid Medikamenter ginn awer och kritiséiert, well se Niewewierkunge wéi Schwellunge vum Gehier oder Bluddunge kënnen ervirruffen. D'Etüd iwwer Donanemab wier awer "e wierkleche Fortschrëtt fir de Patient", betount den däitschen Expert Frank Jessen, den Direkter vu der Klinik fir Psychiatrie a Psychotherapie vun der Uniklinik Köln.