SchoulreformEnseignantë gréisstendeels zefridden, e puer Chantiere bleiwen awer

RTL Lëtzebuerg
D'Schoulreform vun 2009 stéisst allgemeng op Akzeptanz bei de concernéierten Acteuren, bei verschidde Punkte géif et awer weiderhi Loft no uewe ginn.
De Mirko Mainini ass zoustänneg fir de Rapport vum OEJQS
De Mirko Mainini ass zoustänneg fir de Rapport vum OEJQS
© Marlène Clement

Zu där Konklusioun kënnt den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire an engem neie Rapport.

Rapport iwwer d’Schoulreform / Reportage Marlène Clement

Fir Onzefriddenheet beim Schoulpersonal am Fondamental suerge weiderhin de sougenannte Contingent an de Sozialindex. Esou hu 70 Prozent vun de Befroten de Contingent an de Sozialindex an enger Ëmfro, déi Enn 2021, also nach wärend der Pandemie realiséiert gouf, negativ bewäert. Trotzdeem recommandéiert den Observatoire a sengem Rapport de Contingent, also de System, mat deem berechent gëtt, wéi vill Ressourcen d’Gemenge fir d’Schoule kréien, bäizebehalen. “Fréckele goe” kéint een awer un de Sozialindex, mengt de Mirko Mainini, dee fir de Rapport zoustänneg ass. Am Moment gëtt de Sozialindex nämlech op d’Gemeng gerechent.

“Dann hutt der awer elo grouss Gemengen, déi hu jo e puer Schoulen op hirem Territoire. A wann eng Gemeng dann ee Sozialindex kritt fir déi ganz Gemeng, dann ass et jo un der Gemeng am Kader vun der Schoulorganisatioun, fir ze soen, wéi déi Ressourcen da verdeelt ginn. An do plaidéiere mir dofir, datt de Sozialindex net méi um Niveau vun der Gemeng gerechent gëtt, mee um Niveau vun der Schoul.”

Manner gutt kënnt och de Plan de développelement scolaire an der Ëmfro ewech. Gutt 15 Joer nom Ëmsetze vun der Schoulreform, géingen d’Enseignanten aus dem Fondamental nach ëmmer net wierklech d’Plus-value vun deem Outil gesinn, esou de Responsabele vum Rapport. Anescht wier dat beim Aféiere vum kompetenzorientéierten Unterrecht.

“Wou am Ufank wierklech net gutt bei de Leit war. Awer och vläicht schlecht vermëttelt ginn, schlecht verkaf ginn. Haut ass e besser acceptéiert, quasi assimiléiert a vun den Enseignanten appreciéiert.”

Den Observatoire, deen dem Educatiounsministère ënnerläit, huet sech fir säi Rapport iwwer d’Schoulreform zu engem Deel op eng Etüd vun der CAEF, der consulation nationale des acteurs de l’enseignement fondamentale, baséiert. Déi hat schonns am Virfeld fir Opreegung am Secteur gesuergt. Een Drëttel vun de Befroten hat nämlech an där Ëmfro uginn, kuerz virun engem Burn-out ze stoen. D’Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL hat dem Educatiounsministère reprochéiert, déi Etüd méintelaang zeréckgehalen an näischt ënnerholl ze hunn. De Mirko Mainini kritiséiert, datt do just een Element erausgepickt gi wier. Dat misst ee relativiséieren, an:

“Mir hunn awer och, duerch déi CAEF-Studie erausfonnt, datt 90 Prozent vun den Enseignanten, déi un der Studie deelgeholl hunn, ganz zefridde si mat hirer Aarbecht a mat hiren Aarbechtskonditiounen.”

70 Prozent hätten iwwerdeems an der Ëmfro uginn, datt se sech nach eng Kéier fir dee Beruff géingen entscheeden.

2009 gouf d’Schoulreform agefouert. Gutt 15 Joer duerno zitt den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire ee Bilan. De ganze Rapport vu Ronn 50 Säite fannt der ënner oejqs.lu

Neie Rapport vum OEJQS confirméiert: Groussen Deel vu Schüler an Enseignanten am Grand-Duché gestresst a midd (8.2.25)
Background am Gespréich vum 8. Februar - Thema Schoulsystem: Alphabetiséierung op Franséisch dierf net un 150 weidere Klassesäll scheiteren

Back to Top
CIM LOGO