Alphabetiséierung op Franséisch dierf net un 150 weidere Klassesäll scheiteren
E Samschdeg waren de Claude Meisch, d'Cynthia Recht an de Patrick Remakel eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Grippewell geet och net spuerlos un der Schoul laanscht. Vill Schoulmeeschteren a Proffe wieren aktuell krank geschriwwen, ma duerch verschidde Mesuren hätt een et awer gepackt, d'Coursen ze assuréieren. Dat soten d'Direktesch vum Lallenger Lycée Technique a Presidentin vum Collège des directeurs Cynthia Recht an de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remakel bei eis am Background.
Ma och onofhängeg vun der Grippesaison géif et eng Penurie bei den Enseignante ginn. De Fondamental wier net méi attraktiv genuch, dowéinst misst een op Quereinsteiger zeréckgräifen, esou de Patrick Remakel. Datt d'Schoulmeeschteren am Kader vum neie Gehälteraccord eng besser Unerkennung als Titulaire de classe kréien, wier zwar positiv, géing d'Aarbechtskonditiounen awer net besser maachen.
Am Secondaire géinge virun allem an der Mathé, am Engleschen, an der Informatik an, an deenen neie soziale Fächer u Leit feelen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet iwwerdeems gemengt, datt de Beruff vum Enseignant nach ëmmer attraktiv wier. De Besoin géing awer ëmmer méi grouss ginn. A leschter Zäit wier d'Zuel vun de Schüler an engem Joer ëm 2.000-3.000 geklommen. Um Niveau vum Lycée wier een zudeem am Konkurrenzkampf mam Privatsecteur, virun allem bei den Informatiker.
D'Schoulpopulatioun gëtt ëmmer méi divers, dat beleeën Etüden. D'Schoul géing sech awer schwéier doen, deem Rechnung ze droen. Dem Claude Meisch no géing virum allem de sozio-ekonomesche Background iwwert de schoulesche Succès entscheeden. Fir deem entgéintzewierken, géing een op de Projet Alpha, also d'Alphabetiséierung op Franséisch, setzen.
Dat kéint eng Léisung sinn, awer just eng vu villen, esou de Patrick Remakel. Eng weider kéint och "Deutsch als Fremdsprache" sinn. Fir datt esou eng Reform erfollegräich ka sinn, misst et awer fir d'éischt favorabel Konditiounen um Terrain ginn. Datt d'Alphabetiséierung op Franséisch iwwert de Knéi gebrach gëtt, wollt de Claude Meisch awer net akzeptéieren. Et géing een dee Projet zanter 2016 virundreiwen a wëssenschaftlech begleeden. Ob et 2026 zu enger genereller Alphabetiséierung op Franséisch komme wäert, do wollt den Educatiounsminister sech awer net wierklech festleeën.
Haut wier et op alle Fall esou, datt d'Léierpersonal dacks mat enger sproochlecher Situatioun am Klassesall konfrontéiert wier, déi d'Schoulhale schwiereg maache géing.
De Patrick Remakel huet dann nach dorop higewisen, datt fir d'Alphabetiséierung op Franséisch vill méi Personal an och Plaz gebraucht géinge ginn. Deem huet de Claude Meisch entgéintgehalen, datt ee bei 100 Schoulen 150 Klassesäll zousätzlech bréicht. Dat wier grad emol annerhallwe Sall pro Schoul. "Wann et doru scheitert, well ech kee méi iwwert Bildungsgerechtegkeet schwätzen héieren", esou den DP-Politiker.
Mat Bléck op Problemer, déi Kanner mat engem portugisesche familiären Hannergrond hunn, huet d'Cynthia Recht dorobber verwisen, datt dës ganz dacks net dee ganze Fondamental zu Lëtzebuerg duerchlaf hätten. Am Lycée kéint ee vläicht als ausserschoulesch weider Sproochecoursen ubidden. Et wier awer och wichteg, datt d'Kanner an hirer Fräizäit och aneren Aktivitéiten noginn. Beim Primo-Accueil kéinte virun allem déi ëffentlech Europaschoulen eng wichteg Roll spillen, well se méi flexibel wieren, esou de Claude Meisch.
Am Koalitiounsaccord ass virgesinn, datt dräi Europaschoulen dobäikommen, dat zu Esch, Diddeleng a bei der Stad. Op déi Aart a Weis wéilt een dem Claude Meisch no déi Kanner opfänken, déi an enger Famill grouss ginn, an där keng vun deene klassesche Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, an dat wier ëmmerhin een Drëttel vun der Populatioun, opzefänken.
Wat d'Orientéierung vun de Schüler beim Wiessel vum Fondamental an de Lycée ugeet, huet d'Cynthia Recht ugereegt, rëm deels op de fréiere Modell zeréckzegoen. Ma och dono wier d'Orientéierung weider wichteg. Do géingen zum Beispill d'Stagen a Betriber eng wichteg Roll spillen. Och, wann et engem Schüler an engem Betrib net gefall huet, géing en doraus fir säin zukünftege Wee eppes léieren.
Mat Bléck op d'Betreiung vu Schüler mat spezielle Besoine géinge sech esouwuel d'Léierpersonal wéi d'Schüler am Stach gelooss fillen, huet de Patrick Remakel kritiséiert. Et misst een tëscht Kanner mat enger kierperlecher Beanträchtegung, Problemer beim Liesen a Schreiwen an de verhalensopfällegen ënnerscheeden. Et géing awer u Spezialiste feelen, fir all déi verschidde Gruppen z'encadréieren.
De Claude Meisch huet iwwerdeems d'Fro opgeworf, firwat et ëmmer méi Kanner mat Verhalensopfällegkeete gëtt. Hei kéint ënnert anerem den exzessive Gebrauch vum Handy eng Roll spillen.
Vandalismus hätt et schonn ëmmer ginn, dat wier keen neie Phänomen. Dat war de Constat mat Bléck op rezent Fäll am Lallenger Lycée. D'Cynthia Recht wollt net méi am Detail dorobber agoen, si géing awer op alle Fall zu deene Mesuren, déi si als Reaktioun geholl hat, stoen. De Message wier och bei deene Jonken ukomm, ma déi Schëlleg hätt een awer net fonnt. De Claude Meisch huet gemengt, et misst ee kucken, deene Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, hir Energie op aner Aart a Weis auszeliewen, zum Beispill duerch eng zousätzlech drëtt Sportstonn an deenen éischten dräi Joer vum Lycée.
Dat geplangte Verbuet vum Handy am Fondamental vun Ouschteren u begréisst ee beim SNE, et géinge sech awer nach eng Partie praktesch Froe stellen. Konkret Direktive fir d'Léierpersonal wäert et awer wuel net ginn, de Claude Meisch setzt do op de "gesonde Mënscheverstand". Et wier kloer, datt den Enseignant dem Schüler den Handy ofhuele soll, wann en deen an der Schoul benotzt an en dono erëm zeréckgëtt. Wann dat méi dacks virkënnt, sollen d'Elteren informéiert ginn. D'Cynthia Recht huet sech hirersäits zefridde mam Handyverbuet an dem Encadrement duerch de Ministère gewisen.
Invitéiert waren:
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.