
Op Ronn 130 Säiten hëlt den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire, deen dem Educatiounsministère ënnerläit, d’Wuelbefannen am Fondamental, am Secondaire an an de Kompetenzzenteren ënnert d’Lupp an do fält op, esou wuel d’Schüler, ewéi d’Enseignantë kloen iwwer Stress an Drock.
Wichteg ass awer ze soen, datt de Rapport op enger Ëmfro baséiert, déi am Juni 2021, also matten an der Pandemie realiséiert gouf. Eng 25.000 Schüler an 3.000 Enseignantë goufen dofir befrot. Opgefall ass dem Observatoire ënnert anerem, datt d’Schüler am Lycée méi gestresst an onzefridde sinn, wéi nach an der Primärschoul. Dozou d’Salah Somia, déi fir de Rapport zoustänneg ass:
“Un élève, qui est au fondamental, va être beaucoup plus épanoui et va percevoir moins de stress au niveau de l’école, qu’un élève au lycée, où la pression académique est plus importante, où il y a déjà ces perspectives d’avenir, d’insertion professionnelle, qui pèsent sur le quotidien des élèves au lycée.”

Gestresst a midd weist sech och gutt iwwer d’Hallschent vun den Enseignanten am Fondamental an am Secondaire. Dat virun allem wéinst dem Zäitdrock an dem Aarbechtsvolume. Stress an de Schoule wier awer keng lëtzebuergesch Spezifizitéit, betount d’Observatrice.
“C’est un phénomène, que l’on retrouve de manière internationale, puisque d’autres études ont montré que le stress est inhérent au métier d’enseignant. C’est un métier prenant, relationnellement engageant, et donc de ce fait le stress fait partie du métier. Je ne dis pas que c’est quelque chose de normatif, mais c’est quelque chose que nous avons observé dans nos résultats.”
Global gesinn, géingen d’Schüler sech awer gutt spieren an der Schoul, constatéiert d’Salah Somia. Ee wichtege Facteur hei wier d’Relatioun mat den Enseignanten. An dat geet och an déi aner Richtung. Am Fondamental hunn zum Beispill 88 Prozent vun de befroten Enseignanten uginn, datt d’Relatioun mat hire Schüler ee positiven Impakt op hiert allgemengt professionellt Wuelbefannen huet.
“De ce fait, travailler sur les compétences socio-émotionnelles, travailler sur l’aspect plus intrapersonnel, est nécessaire pour pouvoir faire en sorte que les relations soient vécues positives et faciliter les apprentissages et donc la réussite des élèves.”
An deem Sënn recommandéiert den Observatoire, an Zukunft méi Wäert op déi sozial-emotional Kompetenzen an der initialer Formatioun vun den Enseignanten ze leeën. Eng weider Recommandatioun ass déi vun engem Barometer vum Wuelbefannen duerch reegelméisseg Etuden.
Schoulreform: Enseignantë gréisstendeels zefridden, e puer Chantiere bleiwen awer (10.2.25)
Background am Gespréich vum 8. Februar - Thema Schoulsystem: Alphabetiséierung op Franséisch dierf net un 150 weidere Klassesäll scheiteren