SNPGL-Presidentin Marlène Negrini ofgesat
Am Comité gouf et e Mëttwoch eng Rei Votte mam Zil, d'Presidentin ze stierzen, wat um Enn och mat 5 zu 4 Stëmme gelongen ass.
D'Marlène Negrini huet eis confirméiert, datt et déi Ofstëmmung gouf. De Generalsekretär Christian Hoffmann schwätzt RTL géintiwwer vun engem Remaniement am Comité, deen néideg gi wier, well d'Vertrauen an d'Presidentin verluer gaange wier. Dat well Decisioune geholl gi wieren, ouni de Comité adequat ze informéieren.
Bei engem weidere Vott wier e Mëttwoch de Mëtteg festgehale ginn, datt de Christian Hoffmann bis d'Generalversammlung Enn Mäerz als President soll iwwerhuelen. Bei där Ofstëmmung war d'Marlène Negrini net méi dobäi. Si hat de Raum verlooss, deelt d'Vuë vun hire Géigner am Comité net a schwätzt vun enger Farce. D'Marlène Negrini sot eis, si géing als Presidentin faisant fonction bis d'Assemblée générale weidermaachen. Et ass also net kloer, wéi et genee an der Policegewerkschaft weidergeet. Béid Säite wollten d'Evenementer dowéinst am Moment och net weider kommentéieren, well eben eng Partie Punkte juristesch misste gekläert ginn.
RTL-Informatiounen no ass och de fréieren SNPGL-President Pascal Ricquier un engem gewerkschaftleche Comeback interesséiert. Hien hat virzejoert demissionéiert, fir mat der CSV an d'Chamberwalen ze goen. De Pascal Ricquier war awer net gewielt ginn. Hien ass méi spéit aus der Partei ausgetrueden, well hien net Regierungsconseiller gouf a well hie prinzipiell mat der Politik vum Policeminister Léon Gloden net averstane war.