Mat der CSV an d'Walen
Pascal Ricquier demissionéiert am Conseil d'administration vun der SNPGL

10 Joer laang war de Pascal Ricquier un der Spëtzt vun der Gewerkschaft, déi d'Poliziste vertrëtt.
Wéi d'Policegewerkschaft an engem Schreiwes matdeelt, wäert de Pascal Ricquier, fir déi politesch Onofhängegkeet vun der Gewerkschaft ze garantéieren, säi Posten an der SNPGL opginn, dat op den 8. Juli 2023, deem Datum, wou och seng Kandidatur bei der CSV offiziell gemaach gouf.
Weider heescht et vun der Gewerkschaft, datt d'Posten am Conseil d'administration an noer Zukunft nei wäerte verdeelt ginn.
Am meeschte gelies