Am Garer QuartierD'Police huet e presuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindegowend huet d'Police zwou Persounen op der Kräizung tëscht der Stroossbuerger Strooss an der Rue Adolphe Fischer an der Stad observéiert.
© RTL

D’Beamten hu gesinn, dass eng Persoun där anerer eppes ginn huet an et koum de Verdacht op, dass et sech dobäi géing ëm Drogen handelen. De presuméierten Drogendealer konnt kuerz drop ermëttelt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO