
Éischten Zeienaussoen no wier eent vun de Gefierer an enger liichter Rietskéier op d’Géigespuer geroden, wou et dunn zu der Kollisioun mat dem aneren Auto koum. Zwou Persoune goufe schwéier blesséiert, eng weider liicht. Allen dräi missten an d’Spidol ageliwwert ginn.
Nom Accident gouf de Verkéier a béid Richtunge gespaart fir dem Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police d’Aarbecht ze erméiglechen.
Fir erauszefannen, wat genee geschitt ass, sinn all Zeie gebieden, sech beim Policebüro vun Iechternach ze mellen, dat ënnert der Nummer +352 244 72 1000 oder per Mail op police.echternach@police.etat.lu.