D'Ekippe vum CGDIS hunn e Samschdeg an engem realistesche Kader en Asaz am Tram geüübt.

Wéi de CGDIS an deem Kontext op de Soziale Medie matdeelt, wier dës Sécherheetsübung an enker Zesummenaarbecht mat Luxtram organiséiert ginn. Dat am Virfeld vun der Erëffnung vum Tram-Tronçon op de Findel e Sonndeg.

Sënn vun der Übung wier et gewiescht, den Asaz op den Tramsschinnen an engem realistesche Kader ze trainéieren an déi eege Prozeduren ze evaluéieren an eventuell unzepassen.