D’Oppositiounsparteien hu sech op jidder Fall no enger Sitzung vun der Chamber-Spezialkommissioun “Caritas” e Mëttwoch de Moie bestätegt gefillt.
De fréieren Direkter vun der Caritas Marc Crochet war invitéiert an d’Chamber-Spezialkommissioun “Caritas”. Hie selwer wollt no der Sitzung keng Deklaratioun maachen. Säin Affekot François Prüm, deen e begleet huet, huet awer effektiv erkläert, datt zum Beispill d’Caritas iwwer d’Associatioun “Accueil et Solidarité” hätt kënne weider ëffentlech Gelder kréien, ouni datt déi vun de Banken opgespléckt gi wier, bei deenen d’Caritas Kreditter opstoen hat. D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an d’gréng Deputéiert Djuna Bernard gesinn domadder d’Theorie vun der Regierung um “Eemer mat Lächer” a Fro gestallt.
D’Vertrieder vun der Majoritéit, d’DP-Deputéiert Carole Hartmann an den CSV-Deputéierte Charel Weiler hunn dat no der Sitzung awer als “perséinlech Aschätzung” vum fréiere Caritas-Direkter empfonnt. Et hätt een och net all déi néideg “Akten”, fir kënnen déi juristesch Analys ze maachen. Si hunn och drop higewisen, datt opgrond vun de grousse Problemer an der Gouvernance bei der Caritas, kee Vertraue méi do gewiescht wier. D’Oppositioun erkennt selwer och Schwaachstellen an der Gouvernance vun der Caritas, mee bedauert dann och, datt mat “Hut” gewësse Valeure verluer goufen.
D’Spezialkommissioun wëll nach de Reviseur vun der Caritas héieren an d’Banke Spuerkeess a BGL BNP Paribas. Eng Äntwert op d’Invitatioune krut d’Kommissioun nach net.
Nodeems am Juli d’lescht Joer bekannt gi war, datt ronn 60 Milliounen Euro bei der Caritas verontreit goufen, schafft eng Spezialkommissioun an der Chamber d’Affär politesch op. Iwwer d’Fraude selwer enquêtéiert d’Justiz an iwwer d’Roll vun de Banken, déi der Caritas Kreditlinnen accordéiert huet, enquêtéieren d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d’CSSF an d’Europäesch Zentralbank.