CR152 tëscht Biermereng a SchengenChauffeur verléiert Kontroll iwwert Gefier a rennt duerch d'Leitplanken

RTL Lëtzebuerg
An enger Lénkskéier huet e Chauffeur e Mëttwoch de Mëtteg um kuerz viru 14 Auer d'Kontroll iwwert de Won verluer.
© Domingos Oliveira / RTL

Dobäi ass den Auto op d’Géigespuer geroden, ass duerch d’Leitplank gerannt a koum ronn 80 Meter méi spéit um Daach zum stoen. Op der Plaz ware Pompjeeën an Ambulanz. Wéi et säitens der Police op Nofro heescht, goufen hei zwou Persoune blesséiert. De Samu war och op der Plaz.

D’Strooss ass e Mëttwoch de Mëtteg nach bis op Weideres gespaart.

Back to Top
CIM LOGO