Kontaktverbuet net agehalenMann wiert sech géint Police a gëtt festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, koum et en Dënschdeg den Owend zu engem Virfall zu Esch, bei deem sech e Mann net un e geriichtleche Kontaktverbuet gehalen huet.
© RTL Archivbild

De Mann stoung am Agang vum Haus an huet do randaléiert. Och d’Beamte sinn net verschount bliwwen, si goufen ugegraff. De Mann gouf doropshin immobiliséiert. Hien hat ze vill gedronk a koum no enger Kontroll duerch en Dokter op de Policebüro an do an Arrest. Zwee Poliziste goufe beim Asaz liicht verwonnt.

De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert, deen ordonéiert huet, de Mann festhuelen ze loossen. Hie koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO