Nom Referendum iwwert d'Nordstad-FusiounBettenduerfer Gemengerot sicht d'Gespréich mat deenen anere 4 Gemengen

Marc Hoscheid
D'Gemeng Bettenduerf préift d'Méiglechkeet, nach eng Kéier un de Gespréicher iwwert eng Nordstad-Fusioun deelzehuelen.
© Marc Hoscheid

D’Gemeng Bettenduerf préift d’Méiglechkeet, nach eng Kéier un de Gespréicher iwwert eng Nordstad-Fusioun deelzehuelen. E Mëttwoch den Owend war de Conseil beieneen a wärend der Sëtzung gouf och doriwwer geschwat, wéi ee mam Resultat vum Referendum ëmgoe wëllt.

Wéi geet et nom Referendum iwwer d’Nordstatfusioun weider? / M. Hoscheid

E Sonndeg hate sech jo ronn 57 Prozent vun de Participanten dofir ausgeschwat, datt de Gemengerot d’Gespréicher iwwert d’Fusioun weiderféiere soll an d’Bierger 2027 an engem weidere Referendum ëm hier Meenung gefrot solle ginn.

Dowéinst sicht Bettenduerf elo d’Gespréich mat de Buergermeeschtere vun deenen anere véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren. Bei deem Treffe soll doriwwer geschwat ginn, ob ee sech virstelle kann, nach eng Kéier zesummen iwwert eng Fusioun ze diskutéieren. An engem Bréif, deem em Donneschdeg un de Spriecher vun der Nordstad, Claude Gleis, geschéckt gëtt, proposéiert een, sech den 2. Abrëll ze gesinn.

E Sonndeg hu sech ronn 57 Prozent vun de Participante bei engem Referendum zu Bettenduerf dofir ausgeschwat, datt de Gemengerot d’Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun soll weiderféieren an d’Bierger an engem weidere Referendum 2027 no hirer Meenung gefrot ginn. E Mëttwoch ass de Conseil an enger ëffentlecher Sëtzung beienee komm an huet Positioun zum Resultat bezunn, eng Decisioun gouf awer net geholl.

Diskutéiert gouf e Mëttwoch zu Bettenduerf net. Wéi sou dacks, wann et ëm den Dossier Nordstad geet, huet just de Buergermeeschter Patrick Mergen geschwat. Fir d’éischt ass hie kuerz op d’Resultat vum Referendum u sech agaangen an huet dobäi den Taux de participation éischter kritesch gesinn.

“Wat och interessant war, et waren 21,75 Prozent vun den ageschriwwene Wieler, déi net ugetruede sinn, wat an engem reelle Chiffer 396 ofwiesend Persounen ausmécht, wat ee relativ héijen Taux d’absence ass.”

Zu deene Leit, déi net gewielt hunn, kéinten der awer och gehéieren, déi scho méi al wéi 75 Joer sinn an dowéinst net musse wielen.

Ma trotzdeem geet an engem Communiqué, an deem sech d’Koalitioun, déi zu Bettenduerf um Rudder ass, un d’Bierger riicht, riets vun engem kloren Zeechen an eng bestëmmt Richtung un déi politesch Vertrieder.

“Op Basis vun dësem demokratesche Signal hu sech d’Memberen aus der grousser Koalitioun dozou entschloss, d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren an eng Aarbechtssëtzung ze invitéieren. Zil vun dëser Sëtzung ass et, erauszefannen, ob déi véier genannte Gemengen nach weiderhin d’Bereetschaft hunn, d’Pourparleren iwwert eng méiglech Fusioun mat der Gemeng Bettenduerf opzehuelen.”

D’Membere vum Bettenduerfer Gemengerot sollen dobäi zudeem iwwert de konkrete Stand vun de Fusiounsgespréicher informéiert ginn. Dono géinge sech déi Bettenduerfer Conseilleren ofstëmmen an eng Decisioun huelen, iwwert déi am Gemengerot ofgestëmmt gëtt. En Donneschdeg géing ee Bréif un den Ierpeldenger Buergermeeschter an Nordstad-Spriecher Claude Gleis eraus, an deem den 2. Abrëll als Datum fir d’Aarbechtssëtzung proposéiert gëtt. Interessant war nach dës Annonce:

“Mir wäerten och ee Rapport vun där Aarbechtssëtzung maachen, dee mer dann och ëffentlech maachen. Mir wëlle ganz transparent sinn, de Rapport maache mer ëffentlech, net d’Sëtzung, mee awer de Rapport maache mer ëffentlech. Datt jidderee matkritt, wat diskutéiert gëtt, wouriwwer diskutéiert ginn ass a wéi d’Positioun vun deene véier Gemengen da lo ass.”

Ënnert deene 15 Bierger, déi an d’Sëtzung komm waren, fir nozelauschteren, waren och Vertrieder vun der Biergerinitiativ, déi de Referendum initiéiert hat. Dës hu sech dono zefridden doriwwer gewisen, datt hire Message gehéiert gi wier an et zu Gespréicher soll kommen.

Back to Top
CIM LOGO