Nach ier d’Presidentin, Blanche Weber, mat hirer Ried ugefaangen huet, huet si d’Gäscht am Sall opgeruff, Froen ze beäntweren. Dorënner d’Fro, wéi d’Leit d’Regierungsaarbecht am Kontext vun nohalteger Entwécklung bewäerten. D’Äntwerte waren éischter negativ.
Dat wier e klore Message, sou Blanche Weber. E Message, deen hir Analys géif confirméieren. Vill Leit géife sech eppes anescht vun der schwaarzbloer Regierung erwaarden.
An dëse Krisenzäiten, mat deem, wat an den USA géif geschéien an de Kricher an der Welt dierft een trotzdeem net d’Biodiversitéits- an d’Klimakris vergiessen. D’Regierung misst och an deene Beräicher gläichberechtegt Akzenter setzen, sou d’Blanche Weber. Well wann déi Krisen net ugepak géifen, wier d’Iwwerliewe vun de Mënschen a Gefor an déi vill positiv Zukunftsvisioune, fir déi de Mouveco géif astoen, wiere verluer.
Klima- a Biodiversitéitsschutz wier och Friddenssecherung par excellence, grad ewéi Bildung an Demokratie, sou eng Ausso an der Ried vun der Presidentin Blanche Weber. De Mouveco fuerdert eng méi ekologesch, sozial a gerecht Gesellschaft an an deem Kontext zum Beispill eng Besteierung vun de Superräichen weltwäit.
Um Kongress vum Mouveco gouf och konkret Kritik geäussert u verschiddene Ministeren. Ënner anerem goufen de Serge Wilmes, de Luc Frieden an d’Martine Hansen genannt. Et goung ëm hiert Behuelen an Decisiounen op EU-Niveau. Lëtzebuerg schéngt, esou d’Analys vum Mouvement Ecologique, op EU-Niveau an ze ville Beräicher zu de kloren Ënnerstëtzer vun enger neoliberaler Politik a gewësse Réckschrëtter am sozialen an ekologesche Beräich ze gehéieren.
D’Blanche Weber huet hir Ried mat engem Zitat vum Eckart von Hirschausen ofgeschloss. «Es ist schwer, die Welt ehrenamtlich zu retten, solange andere sie hauptberuflich zerstören.»
Fir de Kongress am Oekozenter um Mëttwoch den Owend war och de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles invitéiert ginn. Dat fir engersäits déi politesch Prioritéite vun der CSV-DP-Regierung an haaptsächlech dem Beräich Energie virzestellen. An anerersäits fir eng Diskussioun mat de Leit am Sall iwwert dëst Thema ze lancéieren.
D’lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg 8.000 Photovoltaikanlagen installéiert. Dee Chiffer huet de Wirtschafts- an Energieminister e Mëttwoch den Owend um Kongress vum Mouvement écologique genannt. De Lex Delles huet do op eng Hellewull Froen a Commentairen aus dem Sall geäntwert, hien huet awer och iwwert d’Ziler vun der Regierung am Ressort Energie geschwat.
No der Hausse vun de Stroumpräisser hu sech vill Leit d’Fro gestallt, ob et iwwerhaapt nach e Sënn mécht, fir en Elektroauto ze kafen oder fir an eng Wäermepompel z’investéieren an d’Äntwert vum Minister ass ganz kloer, jo. Dat wieren och d’Ziler vun der Regierung:
“Éischtens de weideren Ausbau vun den erneierbaren Energien, also eng nohalteg Energieversuergung kënnen ze garantéieren, eng Versuergungssécherheet kënnen ze garantéieren an en drëtte grousse Volet ass d’Energiepräisser trotzdeem an der Gitte ze halen.”
De Stroum, deen ass an de leschte Méint méi deier ginn, den Energieminister huet awer och drun erënnert, datt de Präis zënter 2021 wéinst dem Präisdeckel net méi geklomme war.
Wat déi erneierbar Energie betrëfft, freet sech de Lex Delles, datt esou vill Leit eng Solaranlag installéiert hunn. 8.000 Stéck iwwert d’ganzt Joer, dat wieren der eng 200 d’Woch.
“Dat ass enorm an ech mengen, mir kënnen och alleguer houfreg dorop sinn. Domadder maache mer eis manner ofhängeg vun Energiepräisser, déi mer aus dem Ausland importéieren. Dofir ass et eis wichteg, datt mer déi erneierbar Energien och weider ausbauen.”