Première bei Lëtzebuerger ArméiNei HK416-Waff fir déi éischte Kéier op Parad ze gesinn

RTL Lëtzebuerg
No knapp 30 Joer huet ee sech bei der Arméi derzou entschloss, een neien, méi moderne Waffe-Modell unzeschafen.
© © SIP / Frédéric Sierakowski + © SIP / Emmanuel Claude

Nach bis e Freideg ass de President vu Singapur op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg an hei krut een eng éischte Kéier déi nei Waff vun der Lëtzebuerger Arméi, de Modell HK416 ze gesinn. An eise Fotosgalerien kann een den neie Modell op de Fotoe fir déi éischte Kéier gesinn.

Leschten Informatiounen no goufen eng 1.350 Exemplairen a verschiddenen Ausféierungen am Wäert vu ronn 10 Milliounen Euro bestallt, dat beim Waffeproduzent-Produzent “Heckler&Koch”. Déi nei Waff gëtt och vun der franséischer an der däitscher Arméi genotzt.

LINK - No bal 30 Joer: Lëtzebuerger Arméi kritt mat der HK416 eng nei Waff
RTL-News vum 27.3.25: Arméi, Police, CGDIS a Co.: Lëtzebuerger Uniforme kréie mam Trounwiessel en neie Monogramm

Back to Top
CIM LOGO