Zanter 1995 benotzt eis Arméi déi selwecht Zort vu Waffen. No knapp 30 Joer huet ee sech derzou entschloss, een neien, méi moderne Modell unzeschafen.

Mëttlerweil sinn d'Tester ofgeschloss an an der zweeter Hallschent vum nächste Joer solle se un de Grand-Duché geliwwert ginn.

Lëtzebuerger Arméi kritt mat der HK416 eng nei Waff

Ganzer fënnef Joer huet et gedauert, bis gewosst war, wéi ee Waffe-Modell een huele géing. Um Enn huet ee sech fir d'HK416 decidéiert, HK steet dobäi fir den däitsche Produzent Heckler&Koch. Par Rapport zur aler Waff, der éisträichescher Steyr77, huet deen neie Modell ënnert anerem de Virdeel, datt een eng Partie Ekipementer dorunner montéiere kann. Beispillsweis Optiquen, Laseren, Täscheluuchten oder Granatewerfer. De Colonel Pascal Ballinger erkläert, datt et bei der Wiel vun der Waff virun allem eng Konditioun gouf.

"Eng vun de Konditioune war, datt et eng Waff ass, déi schonn an enger anerer NATO-Arméi am Gebrauch war, am beschten an enger Arméi vun eisen Nopeschlänner. Mir kënnen eis als Lëtzebuerg net erlaben, Prototyppen ze kafen an ze testen."

 

Et hätt ee beispillsweis beim Dingo gesinn, datt een als Lëtzebuerg zimmlech domm do stoe géing, wann ee Material hätt, dat soss kee benotzt an de Produzent dann decidéiert, verschidde Komponenten net méi hierzestellen. Déi nei Waff gëtt och vun der franséischer an der däitscher Arméi genotzt. Et goufen elo 1.350 Exemplairen a verschiddenen Ausféierungen am Wäert vu ronn 10 Milliounen Euro bestallt. Dem Adjutant Hans Vermaat no kann déi nei Waff zimmlech laang benotzt ginn.

"Heckler&Koch garantéiert de Laf mengen ech bis 15.000 Schoss, dat ass scho wierklech vill, bis datt changéiert muss ginn. An am Fong huet den Armurier, also de Waffemeeschter, deen huet ee Carnier do an do steet eben dran, no wéi vill Schoss wéi ee Stéck gewiesselt muss ginn. Prinzipiell d'Waff selwer, d'Firma selwer seet, si hu Waffen do leien, déi hu méi wéi 100.000 Schoss fir si drop."

 

Fir d'Ausbildung bedeit déi nei Waff, datt et Adaptatiounen um techneschen Niveau gemaach wäerte ginn, well ebe vill méi Gadgete benotzt kënne ginn. Um Fong vun der Ausbildung wäert sech awer weider näischt änneren.