2. Dag vum OGBL-NationalkongressNora Back besuergt iwwer Ëmgang vu Regierung mat Gewerkschaften

Tim Morizet
E Samschdeg war an der Luxexpo um Kierchbierg den zweeten Dag vum OGBL-Nationalkongress.
Nora Back besuergt iwwer Ëmgang vu Regierung mat Gewerkschaften
E Samschdeg ass an der Luxexpo um Kierchbierg den zweeten Dag vum OGBL-Nationalkongress.

Nach emol 5 Joer Nora Back heescht et zanter e Freideg beim OGBL. Déi al an nei Presidentin gouf um éischten Dag vum Nationalkongress mat 97,88 Prozent vun de Stëmmen nach emol zeréckgewielt.

Nora Back ass besuergt iwwer den Ëmgang vun der Regierung mat de Gewerkschaften
E Samschdeg ass an der Luxexpo um Kierchbierg den zweeten Dag vum OGBL-Nationalkongress.

An hirer Ried e Samschdeg, um 2. Dag vum Kongress, weist d’Gewerkschaftlerin sech besuergt, wéi déi aktuell Regierung mat de Gewerkschaften ëmgeet. An deem Kontext ass et och eng Première, datt mam Patrick Dury den Nationalpresident a mam Fränz Lomel de Generalsekretär vum LCGB mat op den OGBL-Nationalkongress invitéiert goufen. Dat wier onerwaart, heescht et vum Nora Back, mee an den aktuellen Zäite wier et noutwenneg, datt d’Gewerkschaften zu Lëtzebuerg un engem Strang zéien.

Vill Leit hätten Angscht virun der sozialer Keelt vun der neier Regierung. Zanter datt d’CSV-DP-Regierung um Rudder wier, wier d’Memberszuel beim OGBL ëm 10.000 Leit op haut 77.000 geklommen. E Succès, deen ee bei der CSV géif vermëssen, esou nach d’Nora Back um Nationalkongress e Samschdeg de Moien.

D’Politik misst nees Vertraue bei de schaffende Leit verdéngen. Hir Frustratioun géintiwwer der Politik wier legitim a gutt ze verstoen. An d’Konsequenz, datt ëmmer méi riets gewielt gëtt, och, och wann dat zu katastrophale Konsequenze kéint féieren, esou den OGBL. De Sozialstaat misst gestäerkt ginn, fir Schlëmmeres ze verhënneren. An dozou gehéiert, esou den OGBL, och weider Investissementer an de soziale Wunnengsbau an eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun vun 10 Prozent.

Mat Bléck op déi aktuell Debatt iwwer d’Oprëschtung huet d"OGBL-Presidentin ënnerstrach, datt ee mat der Ukrain solidaresch wier. Et wier een och dofir, datt Europa eng staark Verdeedegung an eng Industrie opbaut, déi onofhängeg vun “auslänneschem Grousskapital” wieren. Gläichzäiteg wier een awer och doriwwer erféiert, datt elo gesot gëtt, Europa misst prett fir ee Krich sinn. Als Gewerkschaft géing een net beim “Oprëschtungshype” matmaachen, well d’Vergaangenheet gewisen hätt, datt dorënner virun allem déi schaffend Leit, d’Rentner an hir Familljen ze leiden hätten.

Iwwerdeems rifft den OGBL – zesumme mam LCGB – fir eng grouss national Manifestatioun den 28. Juni op.

Andréck vum 1. Dag

PDF: Grondsazried vun der Nora Back

Back to Top
CIM LOGO