Gréisst Gewerkschaft am LandNora Back bleift Presidentin vum OGBL

Claudia Kollwelter
Zolidd Kritik un der Regierung gouf et um Nationalkongress vum OGBL, wou d'Féierung vun der Gewerkschaft fir déi nächst fënnef Joer gewielt gouf.

D’Nora Back ass mat 97,88 Prozent vun de Stëmmen als Presidentin vum OGBL erëmgewielt ginn. D’Mandat un der Spëtzt vun der gréisster nationaler Gewerkschaft dauert 5 Joer. An hirer Ried e Freideg huet si sech schockéiert iwwer d’Aart a Weis gewisen, wéi déi aktuell Regierung mat de Gewerkschaften ëmgeet. Et géif ee quasi ecartéiert ginn. Dowéinst huet si betount, wéi wichteg et ass, sech an där Saach mam LCGB zesummen ze doen. Dat wier nei a vläicht och onerwaart, mee an dësen Zäiten eng Noutwendegkeet fir d’Zukunft vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg z’assuréieren.

OGBL-Nationalkongress / Reportage Claudia Kollwelter

Um OGBL-Nationalkongress gouf d’Regierung net just vun der aler an neier Presidentin an d’Viséier geholl. Och d’Fraktiounscheffin vun der LSAP, Taina Bofferding, huet net u Kritik gespuert. An de leschte fofzéng Méint wier extreem vill futti gemaach ginn, wat iwwer Joren opgebaut gouf.

Chaos stëften, also d’Leit duercherneebréngen, dat ass eng Taktik. Dat ass Strategie. Kuddelmuddel ass net esou innocent. Mol eppes an d’Ronn geheien an da kucken, wéi d’ Leit reagéieren, dat riicht ganz vill Schued un.

Virun allem den Aarbechtsminister Georges Mischo gouf net verschount.

“Fettnäppchen-hopping. Ech muss soen, ech wousst guer net, dass dat eng, wéi soll ech soen, eng Regierungsdisziplinn war. De Georges Mischo léisst eigentlech kee Fettnäppchen aus. Hie spréngt vun enger negativ Schlagzeil an déi nächst. Obwuel, muss een zwar elo soen, an deene lescht dräi véier Woche waren e bësse méi roueg, do geet e senger anerer Liblingsbeschäftegung no. Op d’Tauchstatioun goen.”

Op d’geziilten Ausso vum Taina Bofferding wollt den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz zwar net agoen, mee hien huet awer ervirgestrach, datt de Sozialmodell zu Lëtzebuerg muss erhale bleiwen.

“An dofir gleewen ech drun, dass et am Sozialen och muss méiglech sinn, Eenegungen ze fannen tëschent de Gewerkschaften, de Patronen an der Regierung, well nëmmen esou ass et, dass mir de Lëtzebuerger Modell kënnen erhalen, deen noutwendeg ass, fir dass och de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg erhale bleift.”

Den Zesummeschloss vum OGBL am LCGB wier fir de Marc Spautz dofir och nozevollzéien.

“Dat eent ass d’Kollektivvertragsgesetz an dat anert ass d’Delegatiounsgesetz. A wann een un déi zwee Gesetzer geet, ouni mat de Gewerkschaften doriwwer ze schwätzen, dann ass et normal, dass esou en Zesummeschloss kënnt, fir deen, dee komm ass tëschent deenen zwou Gewerkschaften, well do geet et ëm d’ Iwwerliewen a vun de Gewerkschaften, mee et geet och ëm d’Iwwerliewe vum Sozialmodell, well et sinn zéi zwee Gesetzer, déi de Sozialmodell héich halen.”

D’Nora Back huet iwwerdeems betount, datt d’Zesummenaarbecht mam LCGB nei an och vläicht onerwaart, mee an dësen Zäiten eng Noutwendegkeet wier, fir d’Zukunft vun de Gewerkschaften zu Lëtzebuerg ze assuréieren.

Back to Top
CIM LOGO