Den FC Luxembourg City huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt de Jong, deen e Mëttwoch déidlech vun engem Zuch erfaasst gouf, ee vun hire Spiller war.

E Mëttwoch den Owend war an der Géigend* vun der Leidelenger Gare zu engem déidlechen Accident komm, bei deem e Foussgänger vun engem Zuch erfaasst gouf. D'Rettungsdéngschter konnten op der Plaz just nach den Doud vum jonke Mann feststellen.

En Donneschdeg de Mëtteg dunn huet den FC Luxembourg City op Facebook matgedeelt, datt d'Affer hire 16 Joer alen Nowuessspiller Azaria wier.

"Den Azaria war vill méi wéi nëmmen e villverspriechende Spiller. Hie war e Sonnenschein um Terrain, e Komerod an e jonke Mann mat engem groussen Häerzen. Seng Leidenschaft fir de Futtball, säin ustiechend Laachen a seng Frëndlechkeet wäerten eis an Erënnerung bleiwen", schreift den FC Luxembourg City op hirem Facebook-Kanal.

E Responsabele vum Veräin huet RTL op Nofro hi matgedeelt, hie wier en "top Kärel" gewiescht, deen als grousst Zil hat, och emol an der éischter Ekipp vum Veräin ze spillen. Bei rezente Frëndschaftsmatcher wier hien ëmmer present gewiescht an hätt och am Training ëmmer vollen Asaz gewisen. De Veräin ass immens schockéiert iwwert dat, wat geschitt ass.

Éierung beim nächste Match

Fir den Azaria ze éieren, huet de Veräin annoncéiert, him beim nächste Match de 17. August géint den FC Wolz ze gedenken. Am Club vum FC Luxembourg City wäert et ausserdeem eng Plaz ginn, fir him ze gedenken.

Den nächste Méindeg ass den éischten Training no enger klenger Summerpaus. Hei wëll de Veräin dann och d'Méiglechkeet bidden, dass Frënn a Matspiller vum Azaria iwwert de Verloscht schwätze kënnen, fir dësen trageschen Tëschefall besser ze verschaffen.

D'Police huet op Nofro hi matgedeelt, dass et aktuell keen Indice fir e Suicide gëtt. Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn klären.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass den Accident op der Leidelenger Gare geschitt wier. Et war awer net direkt op der Gare ma an der Géigend.