No 25 Joer um Troun dankt de Grand-Duc Henri den nächste Freideg of a säi Fils den Ierfgroussherzog Guillaume gëtt neie Staatschef.

Wann den nächste Freideg de Moie Lëtzebuerg en neie Grand-Duc kritt, dann ass dat den Optakt vun de Feierlechkeeten, déi sech iwwer dräi Deeg zéie mat Zeremonien, Spektakelen a villen Emotiounen. Wärend dësen dräi Deeg ass RTL fir Iech iwwerall live mat derbäi.

20 Stonne Live-Emissioun

Op der Tëlee iwwerdréit RTL vun e Freiden de Moien 9.30 Auer u live aus dem Trounwiessel-Studio virum Palais. Mat engem RTL-Spezial si mir freides, samschdes a sonndes op der Plaz. Vun den offiziellen Zeremonien, dem glamouréise Gala-Dinner am Palais, der grousser Tournée um Samschdeg, dem Mega-Spektakel op der Rouder Bréck an um Glacis bis hin zum Te Deum um Sonndeg. Eis Presentateure Mariette Zenners, Roy Grotz, Raoul Roos, Olivier Catani a Christiane Kremer wäerten zesumme mat eise Reporter op der Plaz an den Experten um Platto all Moment derbäi sinn.
 
Um Radio verpasst der näischt

Natierlech si Dir och um Radio op all Rendez-vous vum neie Grand-Duc Guillaume derbäi. Mat Live-Momenter op Antenn an eise Reporter am ganze Land si der hei non-stop u Courant op dësem historesche Weekend.
 
Trounwiessel Digital 

Ticker, Fotoen, praktesch Informatiounen, Live-Stream a Videoe vun de grousse Momenter - op RTL.lu, RTL Today, RTL Info an op eise Socials huele mer Iech de ganze Weekend mat an déi éischt Rei. Elo scho fannt Dir vill Impressioune vun de Preparatiounen an eisem Trounwiessel-Dossier an och eisen Trounwiessel-Liveticker hält Iech um Lafenden.

RTL

© Maison du Grand-Duc

Hei fannt Dir de komplette Programm ronderëm den Trounwiessel op RTL Tëlee

Freideg, 3. Oktober 2025
 
9h30 - 14h00 RTL SPEZIAL TROUNWIESSEL live aus dem Studio virum Palais 
Presentatioun: Mariette Zenners & Roy Grotz
 
14h00 - 18h00 Vum Prënz zum Grand-Duc - e Bléck zréck 
Archiv-Filmer an Documentairen iwwer d'Liewe vum Prënz Guillaume
 
18h00 - 19h30 Live! Planet People ronderëm den Trounwiessel live aus dem Studio virum Palais 
Presentatioun: Raoul Roos
 
19h30 - 20h00 De Journal live aus dem Studio virum Palais 
Presentatioun: Frank Goetz
 
20h00 Zeremonie vum Trounwiessel an der Rediffusioun
 
Samschdeg, 4. Oktober 2025
 
12h15 - 19h00 RTL SPEZIAL TROUNWIESSEL - Dem Grand-Duc seng feierlech Tournée live aus dem Studio virum Palais a vun den eenzele Statiounen zu Gréiwemaacher, Wolz, Stengefort an Diddeleng 
Presentatioun: Mariette Zenners & Roy Grotz
 
19h00 - 19h30 Best of vun der feierlecher Tournée vum Grand-Duc Guillaume
 
19h30 - 20h00 De Journal live aus dem Studio virum Palais 
Presentatioun: Frank Goetz
 
20h00 - 24h00 RTL SPEZIAL TROUNWIESSEL - Dem Grand-Duc seng feierlech Tournée live aus dem Studio virum Palais a vum Spektakel op der Rouder Bréck an dem Glacis.
Presentatioun: Olivier Catani
 
Sonndeg, 5. Oktober 2025
 
10h30 - 13h30 RTL SPEZIAL TROUNWIESSEL - Te Deum live aus dem Studio virum Palais
Presentatioun: Christiane Kremer & Georges Hellinghausen
 
13h30 - 17h30 Rediffusioun RTL SPEZIAL vum Samschdeg den Owend
 
19h00 - 19h30 RTL SPEZIAL - Resumé vum Te Deum an de beschte Momenter vum Samschden den Owend
 
19h30 - 20h00 De Journal
Presentatioun: Lynn Cruchten
 
20h00 Film: Superjhemp Retörns

De Programm kann nach liicht ugepasst ginn. Dëst ass de Stand vum 27. September 2015.