Presuméierten Déif an engem Buttek um Kierchbierg gestallt

© RTL-Archiv
D'Police mellt een Déif, deen e Freideg am Nomëtteg an engem Buttek um Kierchbierg konnt gepëtzt ginn.
De presuméierten Déif huet éischten Informatiounen no eng Rei Parfumsfläsche matgoe gelooss. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt d'Persoun fonnt a protokolléiert ginn.
Doriwwer eraus goufen et e Freideg Abréch zu Helsem an zu Bruechtebaach. Zu Helsem konnte sech déi onbekannt Täter duerch eng opgebrachen Terrassendier Zougang zu engem Haus op der Route de Diekirch verschafen an hunn d'Haus no Wäertgéigestänn duerchsicht. Si hu Boergeld a Bijoue matgeholl.
Zu Bruechtebaach gouf am Laf vum Owend agebrach. Hei haten déi Kriminell eng Garagëfënster ageschloen an hunn d'Haus op d'Kopp gestallt. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Wéi ee sech géint Abréch schütze kann, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.
Zwee Autoen ënnert anerem wéinst Alkohol saiséiert
Zu Déifferdeng ass Freideg den Owend um Boulevard Emile Krieps dann nach en Auto opgefall, deen immens séier ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf doropshin agezunn. Bei der Policekontroll ass och nach erauskomm, dass de Chauffer schonn e puer mol wéinst Alkohol um Steier protokolléiert gi war. Doropshin huet de Parquet ordonéiert, dass den Auto saiséiert gëtt.
E weideren Auto gouf dann nach an der Nuecht op e Samschdeg op der Saarautobunn A13 a Richtung Esch saiséiert. Dat well de Chauffer ze vill gedronk hat an och kee valabele Permis méi hat.