37 nei Beruffspompjeeë goufe vereedegt

Dëse Freideg goufen drësseg Beruffspompjeeën aus dem Basis-Kader a siwen Offizéier-Pompjeeën aus dem Cadre supérieur vereedegt.
No zwee Joer mat Theoriescoursen a praktesche Stagen ginn si vum Oktober un op hir definitiv Plazen an de Rettungszenteren oder an den Direktiounen/zone vum CGDIS agesat.
D’Zeremonie am Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) war a Presenz vum Minister Léon Gloden, dem Verwaltungsrotspresident Alain Becker an dem Generaldirekter Paul Schroeder. Familljen a Frënn waren och derbäi, fir dëse wichtege Moment ze feieren.

An hire Rieden hu si d’Wichtegkeet vun Engagement, Professionalitéit an de Wäerter vum CGDIS betount. De Minister huet d’Kärpunkte fir eng performant Rettungsstruktur ervirgehuewen: gutt Formatiounen, modern Equipementer an adaptéiert Infrastrukturen. Hien huet och eng Gesetzesännerung ugekënnegt, fir d’Aarbechtskonditioune weider ze verbesseren.
Fir d’Zukunft plangt de CGDIS eng nei Rekrutéierungscampagne, dat vu Mäerz 2026 un, mat engem Informatiounsdag de 14. Mäerz.