CGDIS
Ee Blesséierten an engem Accident op der A4

Accident kuerz virun 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg op der A4 tëscht Leideleng an dem Zéissenger Kräiz.
Zwee Autoe sinn do anenee gerannt an eng Persoun gouf blesséiert. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz..
Géint 17.30 Auer e Freideg den Owend waren d'Pompjeeën zu Esch dann nach an den Asaz geruff ginn, well ee Gaardenhaischen an der Rue de la Lorraine gebrannt hat. Hei koum allerdéngs keen zu Schued.
Am meeschte gelies