SPAL schwätzt vun Diskrepanz tëscht Zaldoten a Militär-Fonctionnairen

© Domingos Oliveira / RTL
D’Diskrepanz tëscht Zaldot a Militär, déi Fonctionaire sinn, géing guer net goen.
Obwuel Milliarden an d’Defense géinge gestach ginn, géing een et net fäerdeg bréngen, dass d’Zaldoten an engem anstännege Statut agestallt ginn. Dat sot de President vun der Gewerkschaft Christian Schleck en Dënschdeg op der Assemblé générale vum Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise, kuerz SPAL.
Gewësse Saachen, wéi Recht op e Congé de Formation oder Congé a temps partiel géing à la tête du client applizéiert ginn. D’Zaldote géingen deelweis 500 Euro manner wéi den onqualifizéierte Mindestloun verdéngen, huet de Christian Schleck ënnerstrach:
"Wat fuerdert de SPAL? Fir den Zaldot ass eis Approche ganz kloer. Mir verlaangen e Statut, deen deen d’Strooss hält. Den Employeursstatut an der Karriär C2 wär do onser Meenung no den ideale Statut."
Och de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, huet d’Wuert kritt an déi aktuell Situatioun vum Statutt als inakzeptabel beschriwwen.
"A mir ruffen déi politesch Verantwortlech op, do ganz séier ze handelen. Et si jo e puer Politiker hei. Sou kann an däerf ee säi Personal net behandelen."
Mam Fernand Etgen, André Bauler an Tom Weidig haten awer just wéineg Deputéiert de Wee an d’Al Seeërei op Dikrech fonnt. An och d’Zuel vun de Gewerkschaftler war mat enger 30 Membere kleng.
De SPAL-Vizepresident Tom Braquet huet betount, dass d’Regierung wéilt 1,18 Milliarden Euro bis Enn vum Joer an d’Defense investéieren. Et wier absurd bei esou enger Zomm net a seng eege Leit z’investéieren.
"Ouni ze bewäerten, ob dës Ausgabe richteg oder falsch sinn, wëll ech hei kloer soen, dass et net ka sinn, dass d’Personaldecken net ka Schratt hale mat deenen Ausgaben. Dat ass einfach net méiglech. Dat kann net funktionéieren."
Dës schlecht Konditioune géinge sech bis bei d’Pensiounen zéien, sou de Christian Schleck weider. Leit déi hirem Land gedéngt hunn, géinge riskéieren, an d’Altersaarmut ze falen. Et misst u ville Stellschrauwe gedréint ginn.
"Et muss een awer oppassen, Stellschrauwe brieche séier of. A spéitstens dann, wann ee vu 650 méi Militär schwätzt, déi ee brauch fir de binationale Batailloun, an och nach fir genuch Leit um Härebierg ze hunn, do kënnt een net dolaanscht, fir eng grondreechend Reform ze maachen."
Doriwwer eraus fuerdert de SPAL ëmmer nach e separaten Defenseministère. Dat besonnesch virum Hannergrond vun de groussen Investissementer an d’Defense. An et misst iwwert eng Reserv-Arméi geschwat ginn. Iwwer Konzepter wéi d’Ausbildung, d’Material oder d’Infrastruktur.
"D’Politik muss sech d’Fro vun enger Reserv stellen. Mir denken och, dass sech d’Bevëlkerung där Fro muss stellen, an dass jidderee prett muss sinn, fir dee Sujet unzegoen. Zemools an dësen Zäiten."
E weidere Wonsch vum SPAL ass e sougenannte Wehrbeoptragten. Eng Persoun, déi vun der Defense an der Arméi onofhängeg Iwwerpréiwunge kéint maachen.
D’Gewerkschaft vun den Zaldote koum och op de binationale Batailloun mat der Belsch ze schwätzen. Et wier een ëmmer fir dëse gewiescht, mee et géing ee sech ëmmer nach froen, wou een an den nächsten 3 bis 5 Joer wéilt 300 bis 350 Leit hierkréien.