D'Rettungsservicer haten um Dënschdeg den Owend nawell all Hänn voll ze dinn, dat wéinst e sëllegen Accidenter uechter d'Land.

Géint 17.20 Auer huet et tëscht Blaaschent an Amber gerabbelt. En Auto war hei op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz duerno sinn op der N27 tëscht Lëlz an Eesebuer zwee Autoen anenee gerannt. 3 Persoune goufe verwonnt.

Géint 17.30 Auer sinn an der rue de Hobscheid zu Stengefort och 3 Persoune verwonnt ginn, dat no enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer.

Op der A13 Richtung Schengen ass géint 17.45 Auer en Autop der op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 20.20 Auer ass zu Bieles an der rue de la Poste e Motocyclist mat senger Maschinn a gouf verwonnt.

Um 22.50 Auer ass e weideren Auto op der Kopp gelant, dat op der N12, Rollengergronn Richtung Briddel. Hei war ënnert anerem och de SAMU an den Asaz geruff ginn. Zwou Persoune goufe blesséiert.