Alkoholiséierte Chauffer verursaacht Accident a flücht

© Police Archivbild
En Dënschdeg hat een Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt an huet doduerch een Accident gebaut. D'Flucht hat awer kee Succès.
Zu Heeschbreg op der N11 war et en Dënschdegnomëtteg zu engem Verkéiersaccident komm, bei deem en Auto bei engem Iwwerhuelmanöver an den Auto virdru gerannt war. Zwar war de Chauffer nom Tëschefall kuerz stoe bliwwen, huet sech dann awer duerch d'Bascht gemaach. Eng Patrull vun der Police konnt de Fluchtauto kuerz Zäit drop zu Iechternach fannen. En Alkoholtest ass doropshi positiv verlaf an de Permis gouf agezunn.
Abréch an en Iwwerfall
En Dënschdeg goufen der Police dann nees eng Rei Abréch gemellt. Am Nomëtteg hate sech Täter an der Duerfstrooss zu Rippweiler Zougang an een Eefamilljenhaus verschaaft an d'Raim duerchwullt.
Owes gouf et dann e weideren Abroch an en Eefamilljenhaus um Millewee zu Biekerech, bei deem d'Täter duerch d'Fënster an d'Haus komm waren, do d'Raim duerchwullt a Bijoue matgoe gelooss hunn.
Um Parking vum Centre Sportif Bim Diederich zu Péiteng war et en Dënschdeg den Owend dann nach zu engem arméierten Iwwerfall komm. Wéi d'Police mellt, hat den Täter ee Messer am Grapp an huet säin Affer domadder opgefuerdert, den Handy, Portmonni, d'Hausschlësselen an och d'Schong erauszeginn. Duerno ass den Täter geflücht. Eng Sich vun der Police hat kee Succès. D'Ermëttlunge goufen ageleet.