Déi nei groussherzoglech Koppel am RTL-Interview
Wéi gesinn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie hir nei Roll?
Lëtzebuerg huet en neie Staatschef. Um Freideg de Moien huet de Grand-Duc Henri ofgedankt a säi Fils Guillaume gouf vereedegt. Wéi gesinn de Grand-Duc Guillaume a seng Fra, d'Grande-Duchesse Stéphanie, hir nei Roll?
Wéi eng Rotschléi krute se mat op de Wee a wat bedeit et fir d'Kanner, wann de Papp op eemol Staatschef ass?
RTL huet déi lescht Woch mat der neier groussherzoglecher Koppel iwwert dës Froen geschwat.
De Grand-Duc Guillaume gouf säi ganzt Liewen op den Dag vun haut virbereet, mä wann deen Dag da bis do ass, dann ass et awer eppes ganz Spezielles, esou deen neie Staatschef, deen och d'Gewiicht vun der Responsabilitéit spiert.
De Grand-Duc Guillaume seet, hie géif seng nei Roll als déi vun engem Rassembleur gesinn.
"Mir liewen an enger fantastescher Gesellschaft an ech mengen, datt do d'Monarchie dee Pont ka maachen, tëschent deene verschiddene Communautéiten hei am Land. Ech wäert dat natierlech zesumme mat der Politik maachen an ech freeë mech iwwert déi Missioun."
De Grand-Duc Guillaume ënnersträicht, datt säi gréisste Wonsch ass, kënne Brécken tëschent de Mënschen ze bauen. Hien hätt säin eegene Stil a géif gären op d'Leit duer goen. Hie verséchert och, ëmmer en oppent Ouer ze hu fir déi Mënschen, déi hie begéint.
Am Juni haten am Politmonitor 69 Prozent vun de Leit gesot, si wieren der Meenung, datt déi parlamentaresch Monarchie déi beschte Staatsform ass. Si Schrëtt geplangt fir d'Legitimitéit vun der Monarchie ze verdeedegen?
"Ech mengen d'Legitimitéit kënnt wierklech vun de Leit. 2023 hu mer mat der neier Verfassung eis Staatsform verankert. Meng Roll wäert et wierklech sinn, fir dignement weider kënnen d'Lëtzebuerger Land no bannen an no baussen ze representéieren."
U senger Säit steet d'Grande-Duchesse Stéphanie, déi jo an der Belsch grouss ginn ass an d'Virdeeler vun enger Monarchie ze schätze weess.
"Ech war 9 Joer al wéi de Kinnek Baudouin gestuerwen ass an ech war ganz iwwerrascht. E Kinnek kann dach net stierwen. Fir mech war hie kee Mënsch, e war Kinnek. Dunn ass ganz séier de Kinnek Albert komm an du war a menger onbewosster Kandheet alles erëm gutt. Dat war eng Kontinuitéit an dat ass fir mech de grousse Virdeel vun enger Monarchie."
D'Grande-Duchesse Stéphanie wëll sech och an Zukunft weider sozial engagéieren. Si wëll fir Leit do sinn, déi sech eleng fillen an awer och fir Kanner, deenen et net gutt geet.
"Leider ginn et och zu Lëtzebuerg vill Kanner, déi leiden, mëssbraucht oder harceléiert ginn. An der Schoul, awer net nëmmen, an ech weess et gëtt scho ganz vill gemaach, awer ech wëll gären déi Leit, déi an deem Beräich schaffen, wierklech sou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen."
Donieft soll Zäit fir Konscht bleiwen, dat ass eng vun de grousse Passioune vun der Grande-Duchesse.
Natierlech huet déi groussherzoglech Koppel am Virfeld vum Trounwiessel Rotschléi kritt, fir déi Zäit déi elo kënnt. De Grand-Duc Guillaume erënnert sech un d'Wieder vu senger Mamm a sengem Papp.
"Meng Elteren hu mer allebéid gesot, wann s de an déi Roll kënns, bleif dech selwer a changéier ni. Ech mengen dat ass wierklech de beschte Rot deen se mir - an ech mengen deen hu se dir och méi wéi eng Kéier - konnte ginn. Dat ass e ganz ganz ganz gudde Rot."
D'Prënzekanner Charel a François dierften och realiséieren, datt sech eppes geännert huet, quitt datt se nach e bësse kleng si fir d'Envergure ze verstoen. Hiren Eltere geet et drëms, e gudden Equiliber ze fannen tëschent Ëffentlechkeet a privatem Ëmfeld.
"Et wäert wierklech eisen Defi sinn, fir se ze verschounen, net ze vill z'exposéieren, fir datt se awer eng normal Jugend kënnen hunn an awer natierlech wann et grouss Amenter sinn, fir d'Land, fir eis, da sti se eis natierlech zur Säit."
D'Grande-Duchesse Stéphanie seet, an der Ëffentlechkeet wier si zu 100 Prozent Grande-Duchesse. Doheem wier si awer zu 100 Prozent Mamm an do wier een eng Famill.