De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Thema vun der Woch: den Trounwiessel

Lëtzebuerg huet een neie Grand-Duc. Och wann den Trounwiessel vum Grand-Duc Henri op de Grand-Duc Guillaume eréischt e Freideg offiziell gouf, gouf dem historesche Moment déi ganz Woch schonn entgéintgeféiwert. Den RTL-Liveticker zum Sujet gouf vill gekuckt, ma och déi nei Portraite vum Grand-Duc Guillaume wollten d'Leit sech net entgoe loossen. De fréiere Schoulmeeschter Fernand Müller huet sech iwwerdeems un de jonke Guillaume erënnert, deen hien als Schüler hat.

Studenten um Belval mellen "onmënschlech" Konditiounen

Grujel-Fotoe vun Esch hunn dës Woch d'Ronn gemaach, méi genee aus dem Galileo-Gebai, an deem virun allem Studente wunnen. Obwuel d'Gebai u sech relativ nei ass, schwätzen d'Studente vun "onmënschleche Konditiounen". Zu den Ëmstänn, déi d'Studente beschreiwen – a mat Fotoen a Videoen illustréieren – gehéiere Stroumausfäll, Schimmel a souguer mat Exkrementer verseuchten Iwwerschwemmungen.

Global Sumud Flotilla: Lëtzebuerger Aktivistin vun israeelescher Marinn gestoppt

D’Welt huet dës Woch de Progrès vun enger Schëffsflott suivéiert, där hiert Zil et war, Hëllefsgidder an d’Gazasträif ze bréngen. D’Aktiviste goufen allerdéngs vun der israeelescher Marinn ofgefaangen. Och d’Lëtzebuergerin Nora Rosa Fellens Huberty war mat u Bord an huet vun engem “Kidnapping” geschwat. D’Aktivisten, zu deenen och d'Greta Thunberg gehéiert, sollen elo zeréck an Europa ausgewise ginn.

An der Stad gouf et e Samschdeg ausserdeem eng grouss Demonstratioun géint de Krich an der Gazasträif. Vu den Organisateuren huet et geheescht, et wiere 5.600 Leit bei der Maniff derbäi gewiescht.

Associatioun ProVelo protestéiert op der Rouder Bréck

Den Trounwiessel huet dës Woch wéi gesot d'Noriichten dominéiert. E Mëttwoch gouf et vun onerwaarter Säit eng Protestaktioun. Well de Vëlos-Verkéier op der Rouder Bréck wéinst de Preparative beanträchtegt gëtt, huet d'Associatioun ProVelo demonstréiert. 

ProVelo versteet net, firwat een net eng Autosspuer fir d'Vëlosfuerer zougemaach huet. Mä sou ganz einfach wier dat awer net, kontert de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

"Ëmmer méi Gewalttätegkeeten an der Gesellschaft"

E Méindeg war déi traditionell Méchelsfeier vun der Lëtzebuerger Police. Dobäi huet de Generaldirekter Pascal Peters eng Rei beonrouegend Statistike genannt. Et géif ee "kontinuéierlech ëmmer méi Gewalttätegkeeten an der Gesellschaft" feststellen. D'Beamte géife sech am Kader vun hirem Beruff dacks a Gefor beginn. Ma a Punkto Rekrutement géif et gutt lafen.

Ausnamezoustand zu München

E Mëttwoch war zu München Ausnamezoustand. No enger Bommemenace gouf d’Oktoberfest zougemaach a 25 Policehënn ware stonnelaang am Asaz, fir no Sprengstoff ze sichen. Wärend sech d’Menace als falschen Alarm erausgestallt huet, koum et am Quartier Lerchenau zu engem Brand an Explosiounen. De Verdächtege gouf duerno dout opfonnt, genee esou wéi säin 90 Joer ale Papp.

Shutdown an den USA

D'USA sinn den Ament nees an engem sougenannte "Shutdown". E Mëttwoch ëm Mëtternuecht Washington-Zäit ass d'Budgetsspär a Kraaft getrueden. Demokraten a Republikaner konnte sech am Senat net op ee Budget eenegen, esou datt elo eng ganz Rei Aarbechter am ëffentlechen Déngscht am Zwangscongé sinn.

De leschte Shutdown hat et wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit 2018/2019 ginn. Deemools war de Budget ganzer 35 Deeg laang blockéiert - de längste Shutdown an der Geschicht vun den USA.

Opgepasst, Arnaque!

D'Police warnt den Ament nees viru Bedruchsfäll, an deene sech déi Kriminell um Telefon als Mataarbechter vu Luxtrust ausginn. D'Police weist an deem Kontext dorop hin, datt eng Bank oder aner Institutiounen hir Clienten nimools dozou opfuerdere géifen, eng Bankkaart oder sensibel Donnéeën auszehännegen oder dës per Telefon matzedeelen.