Gutt Stëmmung an der Stad fir den Trounwiessel

© Domingos Oliveira / RTL
Lëtzebuerg krut e Freideg een neie Staatschef. No 25 Joer huet de Grand-Duc Henri sengem eelste Fils Guillaume den Troun iwwerlooss.
Nieft dem Zeremoniell an den offizielle Riede lieft esou een Dag och vun de klengen à-côtéeën an der Stëmmung bei de Spectateuren. An dee Bilan ka sech nawell weise loossen.
Wie moies um 9 Auer um Knuedler a ronderëm de Palais ënnerwee war, dee konnt fäerten, datt et keng spektakulär Tëleesbiller wäert ginn, sou wéineg Leit hate bis dohinner de Wee an de Stadkär fonnt. Ma déi, déi schonn do waren, hu sech dofir awer als ëmsou méi iwwerzeegte Monarchiste erwisen:
"Ma ech géif soen als Lëtzebuerger ass dat wierklech eng flott Geschicht, well et kënnt jo net all Joer vir, et ass wierklech eng eemoleg Geschicht. An ech mengen als Lëtzebuerger muss een einfach stolz op seng Monarchie sinn, well et ass einfach een Deel vun eiser Kultur, eisem Land."
"Ech fannen dat schéin, ech fannen dat ass ee Stéck Lëtzebuerg."
"Ech mengen, et ass ganz seelen, en plus wäert eis Generatioun wäert lo een neie Grand-Duc hunn, dat heescht et ass wichteg dann hei ze sinn."
An et haten esouguer Leit de Wee vun Holland op Lëtzebuerg fonnt, well se sech sou fir d'Monarchie interesséieren:
"Jedes Mal wenn es eine Hochzeit oder einen Thronwechsel oder eine Beerdigung gibt, schaue ich mir das im Fernsehen an."
An och wann d'Tëleesbiller dee beschten Iwwerbléck erlaben, ersetze se awer net d'Gefill, dat een huet, wann een op der Plaz dobäi ass. A sou waren de Knuedler an d'Plaz ronderëm de Palais am spéide Freidegmoien dann och schwaarz vu Leit. Et konnt ee schonn e bëssi iwwerraschen, wéi déi aus sech erausgaange sinn, wéi déi nei groussherzoglech Koppel mat hirem eelste Bouf, dem Charel, aus der Chamber erauskomm ass. An och wann dee klénge Prënz sech d'Oueren zougehalen huet, well d'Musek ëm ze haart war, huet d'Militärmusek hier Saach awer ganz anstänneg gemaach.
Den Highlight vum Dag war awer, wéi déi groussherzoglech Famill sech um Balcon vum Palais dem Public gewisen huet. D'Leit hunn dobäi esouwuel den Numm vum fréieren, wéi vum neie Grand-Duc geruff. D'Erwaardungen un den neie Staatschef sinn dann och héich.
"Vill Politiker, wéi zum Beispill d'Lydie Polfer, soen, datt de Guillaume gutt virbereet ass an ech hoffen och, datt hien eng gutt Aarbecht maache wäert. An dat ass am Fong och dat, wat ech mer vun him erwaarden."
"Ech hunn och nach ni eppes Schlechtes iwwert hien héieren. Ech denken, datt hien et bëssi sou maache wäert wéi den Henri an dat war am Fong zimmlech gutt."
An och den Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker kuckt optimistesch an d'Zukunft vun der Monarchie:
"Ech ginn dovun aus, dat hunn ech an deene leschte Joren dacks erlieft, datt de Prënz Guillaume, deen elo Grand-Duc Guillaume gëtt, ee gutt Versteesdemech vun de Lëtzebuerger huet, keng Schwieregkeet huet, fir op se duerzegoen, mat jidderengem een Thema fënnt, iwwert dat e sech kann ënnerhalen. En huet eng gutt Kenntnis vu Land a Leit."
Den Dag vum Trounwiessel ass op mannst fir déi groussherzoglech Famill nach laang net eriwwer. Den Owend steet nämlech nach ee Gala-Dinner um Programm.