Police
Abriecher zu Schëffleng in flagranti erwëscht an no Flucht festgeholl

© RTL Symbolbild
No engem Abroch an en Appartementshaus zu Schëffleng en Donneschdegnomëtteg konnt eng männlech Persoun gepëtzt ginn.
De Mann hat sech an e puer Wunnengen ëmgekuckt, ier en dunn an enger vun dësen op ee vun de Bewunner getraff ass. De Brigang ass doropshi geflücht, konnt awer kuerz drop vun der Police gestallt ginn.
D'Spueresécherung gouf op d'Plaz geschéckt. Op Récksprooch mam Parquet gouf den Abriecher festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter. E Mandat d'arrêt gouf ausgestallt.
Am meeschte gelies