Am Laf vum Freidegmëtteg huet et op fënnef Plazen uechter d'Land am Verkéier gerabbelt.

Géint 13.20 Auer gouf an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg an der Stad e Cyclist ugestouss. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad waren hei op der Plaz.

Um 13.46 Auer goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi sech an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer zwee Autoen ze pake kruten. D'Secouristen an d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei op der Plaz. Dat nämmlecht war da kuerz no 14.30 Auer um CR101 tëscht Garnech an Héiweng de Fall. Hei waren d'Ambulanciere vu Péiteng an d'Pompjeeë vu Koler op der Plaz.

Géint 14.50 Auer huet sech dann an der Neipuertsgaass an der Stad e Vëlosfuerer blesséiert, wéi hien an een anere Cyclist gerannt ass. D'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus der Stad goufen an den Asaz geruff.

Um 15.42 Auer sinn dann an der Areler Strooss zu Bruch bei Miersch zwee Autoen aneneegerannt. D'Secouriste vu Lëntgen an Tënten an d'Pompjeeë vu Béiwen hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.