Loosst nach emol de ganzen Dag vum Trounwiessel Revue passéieren. Eise komplette Replay, mat Moderatioun, gëtt et elo hei.

E Freideg de Moien huet de Grand-Duc Henri am Palais als Staatschef ofgedankt. Domadder huet hien de Wee fräi gemaach fir den neie Grand-Duc, säi Fils, de Guillaume.

Deel 1: De Grand-Duc Henri huet offiziell als Staatschef am Palais ofgedankt
De Replay vum Trounwiessel Deel 1.

An der Chamber dann huet de Claude Wiseler dem Guillaume eng glécklech Hand un der Spëtzt vum Land gewënscht, iert de Guillaume als Grand-Duc vereedegt gouf a Lëtzebuerg en neie Staatschef huet.

Deel 2: D'groussherzoglech Famill an d'Gäscht gi vum Palais an d'Chamber
De Replay vum Trounwiessel Deel 2.

Dono gouf et déi éischt Trounried vum Grand-Duc Guillaume, an hei huet hie versprach, ëmmer am Interessi vum Land a senge Bierger ze handelen.

Deel 3: Zeremonie an der Chamber: Grand-Duc Guillaume ass neie Staatschef
De Replay vum Trounwiessel Deel 3.

No der Zeremonie an der Chamber hunn d'Leit gespaant a gedëlleg virum Krautmaart gewaart, fir déi groussherzoglech Famill mam neie Grand-Duc mat eegenen Aen ze gesinn.

Deel 4: Groussherzoglech Koppel weist sech um Balcon vum Palais
De Replay vum Trounwiessel Deel 4.
Deel 5: D'Éieregäscht um Wee an de Cercle an de groussen RTL-Interview.
De Replay vum Trounwiessel Deel 5.