Um Dag vum Trounwiessel gouf vill no vir gekuckt, mee et war och e Bléck zeréck an d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Monarchie.

Et war en emotionale Moment, wéi virum Mëttegiessen d'Chorale vun der Residenz Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte d'Heemescht gesongen huet. Trotz Rollator sinn d'Residente vun hire Still opgestanen, fir matzesangen. An dat bréngt och Erënnerunge mat sech, un de Krich an un déi Zäit, wéi d'Heemescht als Confort gesonge ginn ass, soten eis eng Partie Leit.

Mat enger Altersmoyenne vu 85 Joer, ass et fir dës Generatioun schonn den drëtten Trounwiessel. An dobäi denke si besonnesch un eng Virfarin vum haitege Grand-Duc, nämlech un d'Grande-Duchesse Charlotte. Si wier "dat" Symbol gewiescht.

"Ech ka soen, dass mir d'Grande-Duchesse Charlotte veréiert hunn, wéi eng Helleg bal", erënnert sech en 104-Joer ale Mann. Hien ass dat nämmlecht Joer gebuer wéi de Grand-Duc Jean. Duerch déi besonnesch Relatioun zu der Grande-Duchesse Charlotte géing ee sech och allgemeng zu der groussherzoglecher Famill verbonne fillen.

Mam Guillaume a Stéphanie verbënnt een am Konviktsgaart virun allem Modernitéit a Jugend. Et wier angeneem, ze gesinn, wéi engagéiert si sech fir d'Land asetzen, sot eng Fra. Déi groussherzoglech Famill an och esou grouss Evenementer wéi den Trounwiessel géinge fir Zesummenhalt an der Gesellschaft suergen.