
Géint 14 Auer hate sech op der A13 tëscht Éilereng a Lankelz zwee Gefierer ze pake kritt. Zwou Persoune sinn dobäi blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, d'Ambulanze vu Mamer an Diddeleng, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an Esch. D'Autobunn hat zäitweis musse gespaart ginn am Beräich vum Accident, sou datt sech méi wéi 5 Kilometer Stau forméiert hat, an deem et spéider zu engem weideren Accident sollt kommen.
Ëm déi selwecht Zäit hat zu Mäerzeg an der Industriezon den Daach vun enger Hal gebrannt. D'Pompjeeë vu Mäerzeg an aus der Nordstad hu sech drëms gekëmmert.
Um 13:45 Auer war zu Nidderkäerjeng an der Rue du Bois en Automobilist verongléckt an hat sech dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vum Zenter Suessem-Déifferdeng an d'Ambulanz vu Käerjeng waren hei am Asaz.
Op der Areler Autobunn A6 war et um 16:05 Auer en Accident virun der Sortie Briddel, an deen zwee Gefierer verwéckelt waren. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn, no deenen d'Ambulanciere vu Mamer gekuckt hunn. Op der Plaz waren och d'Pompjeeë vu Mamer a Koler.