Déi éischt vun zwou Phasen ass esou gutt wéi ofgeschloss. Wärend d’Aarbechten an der Baach komplett fäerdeg sinn, bleiwen um Niveau vum Park nach e puer Chantieren. Ma bis d’Renaturéierung op der Längt vum ganzen Dall ofgeschloss ass, wäert et awer nach e puer Joer daueren.
Am Moment geet ee beim Service canalisation a beim Service parcs vun der Stad Lëtzebuerg, déi de Projet zesumme realiséieren, dervun aus, datt déi zweet Phas nom Summercongé d’nächst Joer ulafe kann. Et wier een amgaangen, déi néideg Prozeduren an d’Weeër ze leeden. Enn 2026 sollen d’Aarbechten dann ofgeschloss sinn. Och wann d’Corona-Pandemie de Projet net grouss no hanne geschmass huet, huet se derfir gesuergt, datt d’Gaardenausstellung “Luxembourg Urban Garden”, kuerz LUGA, vun 2023 op 2025 no hanne verluecht gouf. Am Fong sollt déi éischt Phas vun der Renaturéierung bis zum Start vun der LUGA ofgeschloss an an d’Ausstellung integréiert ginn, ma d’Verréckelen huet dem Patrick Licker, Chef Service canalisation, no och ee Virdeel.
“Dat huet sech sou erginn, an ech menge lo hu mer d’Opportunitéit, datt mer de Chantier vum Ausbau vun der Phas Zwee kënnen an d’LUGA integréieren, datt dat och bëssi eng Méiglechkeet ass, de Leit ze weisen, wéi gi sou Aarbechten iwwerhaapt virun. Also dat ass eppes, vun deem mer elo profitéieren.”
De renaturéierten Deel vun der Péitruss hätt mam Héichwaasser vun 2021 op alle Fall schonn deen éischten Test gutt iwwerstanen, well ee besseren Héichwaasserschutz war eent vun den Ziler. Et gouf donieft profitéiert, fir de Park ronderëm d’Péitruss nei ze amenagéieren. Dofir goufen iwwert 100 Beem ewechgemaach, ma d’Sonja Fandel, Chef Service des parcs, zitt trotzdeem eng positiv Ökobilanz.
“Dat hunn ech sou ee léiwen Ausdrock fonnt vum Waasserwirtschaftsamt. Dee sot eng Kéier, mir maachen een Upcycling vun de Beem, also si sinn ofgeholzt ginn, awer zum Beispill d’Wuerzelstäck oder sou si rëm am Bachbett verbaut ginn, fir d’Uferen ze stabiliséieren a fir do och natierlech Elementer mat eranzebréngen, wou sech herno Fësch kënne verstoppen oder Vulle sëtzen a waarden.”
Dem Patrick Licker no kéint een och scho rëm vereenzelt Fësch an der Péitruss gesinn. Dorunner wier zur Zäit, wéi d’Baach nach an hirem Betonsbett gelaf ass, net ze denke gewiescht. Fir déi éischt Phas vun der Renaturéierung war iwwregens ee Budget vu knapp 26 Milliounen Euro virgesinn, deen de Responsabelen no och agehale gouf. D’Käschte ginn tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Fonds pour la gestion de l’eau opgedeelt.