Waarden zu WanselerAarbechten um CR319 fänke fréistens Enn des Joers un

Marc Hoscheid
Am Summer 2021 ass tëscht Wolz a Wanseler d'Strooss gerutscht. Bis haut ass nach net vill geschitt. Elo gëtt nach op den Ëmweltministère gewaart.
© Marc Hoscheid

An der Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2021 hat et zu Lëtzebuerg massiv gereent. Queesch uechter d’Land koum et zu Iwwerschwemmungen, et goufen och eng Partie Stroossen ënnerspullt. Dozou huet och de Chemin repris (CR) 319 tëscht Wanseler a Wolz gehéiert. Wann ee vu Wolz erfort a Wanseler erakënnt, ass d’Strooss op der rietser Säit op enger Längt vun ongeféier 200 Meter deelweis agesackt.

© Marc Hoscheid

Ma och ronn 2 Joer dono huet sech un der Situatioun net wierklech vill geännert. Ofgesinn dovun, datt d’Strooss natierlech ofgeséchert ass a rout Luuchten opgeriicht goufen. Op Nofro hin heescht et vun de Ponts et chaussées, datt de Projet um Instanzewee ass an d’Aarbechten idealerweis Enn des Joers ufänke sollen. Et feele just nach d’Geneemegunge vum Ëmweltministère. Den Hiwwel nieft der Strooss muss rëm ofgeséchert ginn. Well d’Aarbechten awer an enger Natura 2.000 Zone duerchgefouert musse ginn, gëlle méi streng Beschränkunge wéi an aneren Zonen.

© Marc Hoscheid

Derbäi kënnt, datt op där Plaz e puer Leitunge verlafen, dorënner eng Gasleitung. Fir ze verhënneren, datt dat an Zukunft nach eng Kéier virkënnt, ass geplangt d’Leitung ze verleeën. De Verlaf vun der Strooss bleift iwwerdeems identesch. Bis elo si fir d’Reparatur vun der Strooss 750.000 Euro ageplangt. Dës Zuel ass awer just provisoresch a kéint also nach klammen. Wéi laang d’Aarbechten dauere wäerten, dorop well ee sech bei de Ponts et chaussées nach net festleeën. D’Strooss dierft awer deelweis komplett gespaart ginn.

De Buergermeeschter vu Wanseler, Romain Schroeder, erkläert iwwerdeems, datt d’Zesummenaarbecht mat der Stroossebauverwaltung gutt funktionéiere géing. D’Gemeng hätt derfir gesuergt, datt d’Proprietäre vun den Terrainen, déi un den Hang grenzen, dermat d’accord sinn, datt d’Aarbechten duerchgefouert ginn. Hie wonnert sech allerdéngs doriwwer, datt et esou vill Oplage ginn, fir eng bestoend Strooss, déi duerch eng Naturkatastroph beschiedegt gouf, erëm ze flécken.

Back to Top
CIM LOGO