Zu SchengenAarbechter ass eng 7 Meter an d'Déift gefall

RTL Lëtzebuerg
D'ITM gouf um Donneschdeg de Moien op Schengen an d'Route de Vin geruff, nodeems hei en Aarbechter vun engem Daach gefall war.
© RTL-Archiv

Wéi d’Police mellt, ass den Daachdecker ronn 7 Meter vun engem Baugerüst an d’Déift gefall. Éischten Informatiounen no gouf den Aarbechter net liewensgeféierlech blesséiert.

CGDIS

Den 112 mellt en Accident mat 3 Blesséierten. Um Donneschdeg géint 13.20 Auer waren op der N12 tëschent Eschduerf an dem Heischtergronn zwéin Autoen anenee gerannt.

Back to Top
CIM LOGO