
En Donneschdeg de Mëtteg koum et géint 14:30 Auer op engem Chantier zu Déifferdeng op der Kräizung tëscht der Montée du Wangert an der Rue des Jardins zu engem Aarbechtsaacident, bei deem eng Persoun op engem Chantier blesséiert gouf.
Wéi et op Nofro bei der Police heescht, ass engem Aarbechter e schwéieren Objet op de Fouss gefall a gouf dobäi liicht blesséiert.