Längste Streik zanter 1995Aarbechtsminister sécher: Bei Ampacet ass eng Léisung ganz no

RTL Lëtzebuerg
Bei Ampacet zu Diddeleng schaffen eng 60 Leit. Gestreikt gëtt elo zanter 23 Deeg. Dat ass dee längste Streik zu Lëtzebuerg zanter 1995.
© Diana Hoffmann / RTL Archiv

D’Situatioun bei Ampacet ass deblockéiert an eng Léisung ass ganz no, sot den Aarbechtsminister Georges Mischo en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber.

Um selwechte Moien hätt een dräi Reunioune gehat, mat Ampacet, der Fedil an dem OGBL, wou vill a konstruktiv diskutéiert gi wär. Der Regierung no wär de Sozialdialog immens wichteg. A Kollektivvertragsverhandlunge wéilt ee sech awer net amëschen.

De Georges Mischo huet och opgezielt, wat hien, an och de Minister Delles, alles ënnerholl hunn. Hie wéilt och mat Gerüchter opraumen, datt näischt geschafft gi wär. Hien hätt um zweete Streikdag mam OGBL geschwat. De 6. Dezember hätt een déi zwee Partner ugeschriwwen. Leschte Freideg hätt een d’Reunioune vun dësem Dënschdeg organiséiert a wéi gesot wär eng Léisung ganz no.

Back to Top
CIM LOGO