Caritas Forum"Aarm mécht krank – krank mécht aarm"

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 100 Professioneller aus de Beräicher Medezin a Sozialaarbecht hu sech op der 1. Editioun vum Caritas Forum versammelt.
Symbolfoto
Symbolfoto
© AFP (Archiv)

Si hu sech iwwert de Lien tëscht Aarmut a Krankheet ausgetosch. Dobäi koum ënner anerem eraus, datt verschidden Acteuren, déi am Kontakt mat Leit an Aarmut sinn, wéi Dokteren, Psychologen oder Sozialaarbechter, besser zesummeschaffe missten. Zil sollt et sinn, Persounen an Nout ganzheetlech ze begleeden an doduerch e bessere Suivi maachen ze kënnen.

“Aarm mécht krank – krank mécht aarm” / Reportage Sabrina Backes

Iwwer den Zesummenhang tëscht Aarmut a Krankheet géing nach net genuch geschwat ginn, seet d’Carole Reckinger vun der Caritas. An dat obwuel et ëmmer méi Leit géing ginn, déi keen Accès méi op de Gesondheetssystem hunn.

Dat bestätegt och den Dr. Emile Bock, deen an den Urgencen an den Hôpitaux Robert Schuman schafft. Reegelméisseg géinge Sans-abrisen an d’Urgencë kommen.

“Déi Leit hu jo dacks gesondheetlech Problemer, dacks associéiert mat Suchtproblemer, an da gesi mir mat der Zäit wéi hiren Zoustand sech degradéiert. Mir kucken da bëssen hëlleflos no, wéi déi Leit lues a lues stierwen, vu dass wa se aus den Urgencen eraus ginn, keng Opfänkstrukturen do sinn, kee Suivi ka gemaach ginn. Dat sinn esou déi Haaptproblemer. Mir mengen en fait, dass mer an den Urgencen eng Assistante sociale missten hunn, déi proaktiv un déi Leit kéint erugoen, fir déi Problemer ze léisen.”

Änlech gesäit et bei Médecins du Monde aus. Bei si kommen ënner anerem Leit, déi schwaarz schaffen oder ouni feste Wunnsëtz sinn an dowéinst net verséchert sinn.
D’Sylvie Martin, Direktesch vu Médecins du Monde: “Mir hunn och Leit, z.B. eng Persoun, déi offiziell schafft, mee se huet keng Sue fir eng Wunneng a schléift an hirem Auto. Also huet se keng Adress a kann dann net bei den Dokter. Se ass also net an enger Gemeng gemellt, mee schafft trotzdeem...”

D’ONG wënscht sech, dass d’Couverture net just vu Facteure wéi enger Aarbecht oder enger Adress ofhängeg gemaach gëtt. Dofir plädéiere si fir eng endgülteg Aféierung vun enger universeller Couverture.

D’Stéphanie Gardini, Responsabel vum Service social vu Médecins du Monde: “De Problem bei der Couverture universelle ass den Ament, dass keng legal Basis besteet, dat ass ee Pilotprojet an do wënscht ee sech, dass e weider gefouert gëtt, mir haten do vill Succès, well d’Leit hunn Accès op d’Preventivmedezin, da kënne se z.B. och bei den Aen- oder Zänndokter.”

D’Resultater aus de verschiddenen Diskussioune goufen zum Schluss an enger Table ronde mat verschiddenen Deputéierte beschwat.

Back to Top
CIM LOGO