Vum 1. Januar 2021 u gëllen op de Banke nei Konditioune fir Immobiliëprêten. Fir d'Stabilitéit vum Lëtzebuerger Banken-System weider ze garantéieren, krut d'Banken- Kontroll Kommissioun CSSF den Optrag nei Standarden auszeschaffen. Zil ass et, an éischter Linn fir ze verhënneren, datt d'Leit sech net iwwerschëlden.
Eng Persoun, déi hir éischt Wunneng wëll kafen, kritt an Zukunft just nach maximal esouvill Sue geléint, wéi déi Wunneng och effektiv kascht. Den Immobiliëprête kann also net méi héich si wéi 100% vum Kafpräis. Déi meescht Banke géingen haut schonn déi geplangte Standarden applizéieren, seet den Direkter vun der ABBL, Yves Maas. An der Vergaangenheet goufen et awer och Banken, déi d’Fraise vum Notaire, vum Enregistrement oder eng Kiche mat an de Prêt geholl hunn. De Client krut dee Moment méi wéi 100 Prozent accordéiert.
Bis elo hätt een d'Riske gutt am Grëff gehat, seet d'ABBL weider. Ma mat der aktueller Covid-Kris géing een awer elo riskéieren, datt an Zukunft verschidde Clientë Schwieregkeete kréien, hire Prêt zréckzebezuelen.
Allgemeng ginn déi nei Konditiounen am Bankesecteur begréisst. Si géinge fir méi Stabilitéit suergen. Ma net just fir Leit, déi eng éischte Kéier en Immobiliëprêten ophuelen, ännert sech vum 1. Januar un eppes.
Leit, déi scho Proprietär sinn a wëllen en neie Logement kafen, mussen an der Reegel 10% Eegekapital matbréngen. Persounen, déi eng zweet Wunneng kafen, respektiv kafen, fir ze verlounen, brauchen 20% Eegekapital.
Déi méi streng Konditioune kéinten Hëllefe fir d'Iwwerschëldung vun de Stéit ze verhënneren, seet de Lëtzebuerger Konsumenteschutz. En plus wier et en weidere Schrëtt fir d’Spekulatioune mat den Immobilien an de Grëff ze kréien.
Déi genee Konditiounen a Reegele ginn den Ament nach vun der CSSF ausgeschafft a sollen nach dës Woch publizéiert ginn.