PoliceAbréch an alkoholiséiert Chauffeuren

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwee Chaufferen, déi staark alkoholiséiert an der Nuecht op e Sonndeg duerch d'Stad gefuer sinn.
© Archiv

E Samschdeg den Owend wier e Gefier an eng Ofspärung vun engem Chantier gerannt, esou wéi och op der Garer Plaz an eng Ofspärung aus Bëton. Et wier kee blesséiert ginn, ma den Automobilist hat awer ze déif an d'Glas gekuckt. Donieft huet sech erausgestallt, dass de Chauffer eigentlech e Fuerverbuet hat, wouropshin d'Persoun protokolléiert gouf.

Och an der Uewerstad ass e Samschdeg den Owend en alkoholiséierte Chauffer ugetraff ginn. Och dës Persoun gouf protokolléiert an de Permis gouf agezunn.

Abréch gouf et dann an der Nuecht op e Sonndeg zu Stroossen an zu Hengescht. D'Police ermëttelt hei nach.

Tipps vun der Police, fir sech géint Abréch ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO