
Dat an der Nuecht op e Freideg. E Bewunner vum Haus hat verdächteg Geräischer beim Gebai héieren an d’Police du géint 00.30 Auer kontaktéiert. Bei der Sich no der Persoun gouf dunn direkt an der Ëmgéigend eng verdächteg Persoun an der Rue de Niederkorn ugetraff a kontrolléiert. De Mann hat Geschier bei sech fir anzebriechen an huet widderspréchlech Aussoe gemaach. De Mann gouf protokolléiert an d’Geschier gouf confisquéiert.
Abroch dann an engem Eefamilljenhaus zu Elleng, dat en Donneschdeg de Mëtteg tëscht 12 a 16 Auer. Een oder e puer Täter sinn an der Route d’Erpeldange hannert d’Haus gaangen an hu sech iwwert de Gaart Zougang bei d’Gebai verschaaft. Hei gouf dann eng Fënster opgebrach, sou dass ee sech Zoutrëtt an d’Haus verschafe konnt. Eng ganz Partie Wäertgéigestänn goufe beim Abroch geklaut.
En Donneschdeg tëscht 11.45 an 18.15 Auer gouf dann an der Rue Adolphe Omlor zou Bouneweg agebrach. D’Wunnengsdier gouf mat Gewalt opgebrach, divers Wäertgéigestänn goufe geklaut.
An der Nuecht op en Donneschdeg géint 1 Auer haten Abriecher versicht, d’Entréesdier vun dengem Haus an der Rue des Vergers opzebriechen. Nodeems d’Awunner d’Luucht awer am Haus ugemaach hunn, sinn d’Abriecher fortgelaf an hunn et bei Versuch gelooss.
Op engem Chantier um Boulevard de Kockelscheuer zu Gaasperech gouf an der Nuecht op e Freideg an eng Partie Baucontaineren agebrach. Dobäi goufen Aarbechtsmaschinnen an och Geschier geklaut. Och e groe Liwwerwon, e “Renault Trafic” mat der Plack EA9788 gouf geklaut.
An alle Fäll gouf eng Plainte entgéintgeholl an Ermëttlungen ageleet.