Aus dem PolicebulletinAbréch, Iwwerfäll a Courses poursuites mat alkoholiséierte Chaufferen

Annick Goerens
Weider gëtt no engem Accident zu Esch, wou eng Persoun ugestouss gouf, no engem Zeie gesicht, deen sech nom Accident ëm de Foussgänger gekëmmert hat.

D'Police sicht nom Zeie vun engem Accident e Samschdeg den Owend tëscht 19.30 Auer an 20 Auer um Boulevard John F. Kennedy zu Esch. E Foussgänger gouf do vun engem Auto ugestouss an liicht blesséiert. De Chauffeur aus dem Auto, deen hannert dem Won gefuer ass, deen den Accident provozéiert huet, ass stoe bliwwen an huet gehollef, d'Affer op der Plaz ze versuergen. D'Police vun Esch biet de Mann elo fir sech bei hinnen ze mellen.

Ee Chauffeur ass géint 14 Auer an der Neiduerfer Strooss an der Stad ongebremst an eng Ofsécherung vun engem Chantier gerannt. De Won hannendru konnt just an der leschter Sekonn auswäichen, an huet awer dat éischt Gefier gesträift. An deem gouf de Chauffer liicht blesséiert. Deen hat ze vill Alkohol am Blutt. Säi Permis war fort, an de Chauffeur krut ee provisorescht Fuerverbuet

Op engem Foussgängerwee tëscht Miedernach an der Fiels gouf géint 19.30 Auer eng Fra iwwerfall. Si gouf vun hannen attackéiert an op de Buedem geworf. Den Täter huet sech dunn d'Posch geholl an ass fortgelaf.

An der Nuecht op e Sonndeg géint 3 Auer gouf dann och e Mann an engem Park a Clausen an der Stad vun zwee onbekannte jonke Männer geschloen an krut säin Handy a säin Boergeld geklaut. De Mann huet natierlech eng Plainte géint Onbekannt deposéiert.

Da mellt d'Police nach zwee Abréch. Dat eng Kéier an der Rue Anatole France zu Bouneweg. Hei konnt den Onéierlechen awer vun der Police gestallt ginn, nach éier hien an d'Haus andrénge konnt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet protokolléiert. Um 19.30 Auer e Samschdeg hunn Awunner aus der Rue Antoine zu Zéisseng en Onbekannten an hirem Haus erwëscht. De Mann ass dorops fortgelaf, hat awer schonn divers Saache geklaut. Eng Plainte gouf gemaach.

Géint 3 Auer um Sonndeg de Moie ass de Beamten op der A13 a Richtung Schengen, Héicht Schëffleng, e Chauffer opgefall, dee vill ze séier trotz dem schlechte Wieder ënnerwee war. De Mann ass mat héijer Vitess op d'Autobunn opgefuer a well hien net direkt eriwwerzéie konnt, huet hie weider op der Pannespur aner Autoen iwwerholl. D'Police konnt de Chauffer anhuelen, hien op der Sortie Käl vun der Autobunn leeden a kontrolléieren. De Chauffer hat nieft der héijer Vitess och en ze héijen Alkoholpeegel, esou datt säi Permis agezu gouf.

Eng weider Course poursuite gouf et dann zu Esch an der Schëfflenger Strooss, nodeem en alkoholiséierte Chauffer um 5.30 Auer e Sonndeg de Moien duerch Rout gefuer ass. D'Poliziste sinn dem Mann nogefuer, dësen huet awer d'Luuchte vu sengem Gefier ausgemaach an ass a Schlaangelinne weidergefuer, woubäi hien en aneren Auto beschiedegt huet. Ma och hie koum net fort an krut e Fuerverbuet. De Besëtzer vum beschiedegte Won gouf informéiert.

Back to Top
CIM LOGO